Interview mam Jean Asselborn"Wa mer net reagéieren, da gi mer an d'Mauer"

Frank Goetz
25 Leit sinn den Ament hei am Land op der Waardelëscht fir Flüchtlingen, dovunner kënnen der elo 15 an der Shuk um Kierchbierg opgeholl ginn.
"Wa mer net reagéieren, da gi mer an d'Mauer"
Den Aussen- a Immigratiounsminister war Invité um Plateau vum RTL-Journal.

Dat sot den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn en Donneschdeg den Owend op der Tëlee.
Virun zwou Wochen hat de Jean Asselborn jo annoncéiert, datt Männer déi eleng an d’Land kommen a schonn an engem aneren EU-Land an der Prozedur sinn net méi einfach esou kënnen an de Strukturen opgeholl ginn. Do hu Fraen a Kanner elo Prioritéit.

Vun deenen 300 Mënschen, déi de leschte Mount am Grand-Duché Asyl gefrot hunn, waren 120 sougenannten Dublinfäll. D’Zuel vu Männer, déi eleng an d’Land kommen, notamment aus Italien, ass iwwert dëse Summer däitlech an d’Luucht gaangen an d’Zesummeliewe mat deenen anere Flüchtlingen an de Strukturen, seet de Jean Asselborn, ass mat Amenter problematesch: “Am Zesummeliewen, dat ass periodesch ëmmer erëm opkomm, zum Schluss och heiansdo ganz grave an déi Dubliner, ech soen et net fir ze generaliséieren, do sinn der dobäi, déi schonn an 3 oder 4 anere Länner probéiert hunn an déi heihinner kommen. Den éischte Gedanken ass net, fir zu Lëtzebuerg de Statut ze kréien, mä fir ënnerdaach ze kommen. Do knuppt et openaner. Ech hunn dat ëmmer méi gemierkt elo zum Schluss.”

Dofir hätt ee misste kucken, fir d’Dublinfäll an d’Shuk ze kréien. An där Hal vun der Luxexpo um Kierchbierg wier d’Iwwerwaachung eng aner.

Am Interview op der Tëlee goung et donieft ëm d’Situatioun am Noen Osten. De Jean Asselborn plädéiert weider fir eng humanitär Waffepaus och wann een natierlech géif verstoen, datt Israel sech géif wieren no den Attacke vun der Hamas.
“Ech hoffen, datt do en Ament kënnt wou een awer an Israel agesäit, datt déi Angscht an déi Panik an där elo d’Palestinänser liewen, praktesch déi selwecht ass ewéi dat, wat si de 7. Oktober matgemaach hunn, an dofir hoffen ech, datt Asiicht kënnt, an datt de Kampf géint d’Hamas gewonne gëtt. An dann ass natierlech d’Fro, wat mat Gaza geschitt.”

A fir déi Fro misste sech, nieft den USA, och d’Europäer intresséieren.

Back to Top
CIM LOGO