Fondatioun IDEA zur Entwécklung vum Land"Wa mir de Quantesprong net fäerdegbréngen, gi mir an eng Mauer"

Monica Camposeo
De séiere Wuesstem aus de leschten 30 Joer war nëmme méiglech, well Ressourcen do waren. Ma déi kommen awer elo sou lues op en Enn, seet d'Fondatioun IDEA.

IDEA: Etüd iwwer koherent Entwécklung vum Land / Reportage Monica Camposeo

Dës huet dowéinst eng Etüd ausgeschafft, déi sech mat méiglechen Zenarie fir d’Zukunft auserneesetzt. Dass d’Kapazitéiten net méi duerginn, géing een notamment am Logement an am Transport mierken. Wat misst sech dann änneren, fir d’Liewensqualitéit trotz Wuesstem kënne bäizebehalen?

Et wier e Quantesprong néideg, esou de Geograph Romain Diederich. De Wuesstem an d’Liewensqualitéit ginn Hand an Hand, ma a verschidde Beräicher wier en Ëmdenken néideg, fir net zum Beispill nach méi grouss Problemer op de Stroossen ze kréien. Der Simulatioun no missten am Zenario mat wäit iwwert enger Millioun Awunner a ronn enger Millioun Aarbechtsplazen hei am Land, 5 Mol méi Frontalieren den ëffentlechen Transport huele wéi den Ament.

Bei de Residentë misst sech déi Zuel och méi wéi verduebelen, fir dass d’Mobilitéit weider ka garantéiert ginn. De Romain Diederich huet d’Etüd mat ausgeschafft an ass spezialiséiert a Landesplanung an Transport. Ma d’Zesummenaarbecht mat der Ekonomie wier wichteg fir eng koherent Entwécklung. Zum Beispill missten Agglomeratiounen iwwer d’Grenzen eraus entwéckelt ginn. D’Frontaliere bleiwen nämlech an all Zenario aus der Etüd e wichtege Pilier. De Vincent Hein, Ekonomist bei der IDEA, stellt sech vir, dass Quartiere gemeinsam kéinte geplangt ginn, esou wéi och Schoule, Spideeler an ëffentlech Infrastrukturen. Virun allem sollten d’Aarbechtsplaze manner zentraliséiert entwéckelt ginn. D’Agglomeratioun am Süde vum Land wier e gutt Beispill dofir. Zesumme mat de franséischen a belschen Nopere kéinten Aarbechtsplazen ausgeschafft ginn, fir ze verhënneren, dass sech all Dag ze vill Leit aus dem Süden op de Wee a Richtung Haaptstad maachen.

Ouni den ëffentlechen Transport geet et net

Plazen, wou schonn Infrastruktur ass, sollten doriwwer eraus weider ausgebaut ginn, amplaz Ressourcen a ländleche Géigenden z’investéieren. Wou vill Leit wunnen, kéint den ëffentlechen Transport nämlech och verbessert ginn, well d’Nofro do wier. D’Fondatioun IDEA proposéiert zum Beispill verschidde Linnen als Seelbunn duerch d’Stad, fir sech méi séier kënnen ze deplacéieren. Allgemeng missten och Zuchlinnen, déi d’Stied verbannen ouni ëmmer mussen duerch d’Haaptstad ze fueren, ausgebaut ginn. Och den Tram kéint nei geduecht ginn an zum Beispill do, wou et néideg ass, an der Héicht fueren amplaz op der Strooss. Et wier allgemeng en Ëmdenken néideg, kreativ Léisungen a Projete kéinten d’Rudder nach ëmrappen.

Esou weidermaache wéi bis ewell wier keng Optioun, esou de Geograph Romain Diederich. “Wa mir esou weiderfueren a mir bréngen de Changement de Ligue oder de Quantesprong net fäerdeg, da gi mer effektiv an eng Mauer”. Dat géing net bedeiten, dass e grousse Knall kënnt, wéi bei engem Auto, deen en Accident huet, mä éischter, dass et a verschiddene Beräicher blockéiert. Zum Beispill an der Mobilitéit oder der Sich no engem Logement. An da géing d’Liewensqualitéit och staark ofhuelen. Konkret géingen dann déi negativ Aspekter vum Wuesstem op eemol dominéieren. Dat gëllt et elo ze verhënneren.

Déi ganz Etüd vun der Fondatioun IDEA fannt Dir hei.

Etüd - IDEA

Back to Top
CIM LOGO