Och fir d’Famill, déi hëllefe wëll, kann dat schwéier sinn – mir hu mat enger Fra geschwat, där hire Familljemember zanter e puer Joer an enger ganz vulnerabeler Situatioun ass.
D’Brigitte Jeitz weess hirer Hänn kee Rot méi. Si huet e Familljemember, dee schwéier drogenofhängeg ass an zanter zwee Joer entweder virum Abrigado seng Nuechte verbréngt oder spontan bei Familljemembere virun der Dier steet. Virun e puer Joer war hien nach clean an an enger stabiller Situatioun.
"An dunn, virun dräi Joer ongeféier, hat en e Burnout, an dunn huet en e Réckfall gemaach. An et ass eben elo d'Situatioun, dass en net méi fäeg ass, fir eleng ze wunnen. Well, fir elo sech ëm eng Therapie ze këmmeren a virdrun den Entzuch, dat ass ganz schwiereg."
Fir déi ganz Famill waren déi lescht dräi Joer gepräegt vu Visitten am Spidol: Hire Familljemember hätt méi wéi sechs mol en Entzuch gemaach, wier etlech Kéieren an d’Urgence komm.
Hien hätt och schonn Therapien ugefaang, awer wéinst Réckfäll ënnerbrieche mussen. Schonn zwee Mol hätt hie sollen an eng Therapie an d’Ausland vermëttelt ginn.
„No véier Méint an der Klinik kritt hie gesot, vum Dokter do, hie wier net fit genuch, well dat war eng Therapie, wou ee sollt aacht Stonnen den Dag schaffen, jo, hie wier net fit genuch, si kéinten him elo net soen, ob si hien huelen oder net.“
Firwat hätt d’Berodungsstell Quai 57, déi d’Therapieplaz vermëttelt hätt, dat net gewosst – beim Quai 57 kann een näischt zu spezifesche Fäll soen, et hätt een awer allgemeng keen Afloss, wann d’Therapieplaz d’Meenung géif änneren. De Grégory Lambrette vu Quai 57:
“Ce que je trouve moi personnellement très discutable. Parce que quand on a fait des efforts pendant des semaines et des semaines, qu'on a mobilisé les institutions, quand on a fait un sévrage, on n’a pas forcèment envie d'y aller le jour de l'entrée pour avoir pour seule réponse un refus.”
Et géif ee sech awer beméien, datt d’Leit direkt nom Entzuch an eng Therapie kéinte goen – an der Reegel géif et 2-3 Méint dauere vun der éischter Consultatioun bis zum Ufank vun der Therapie. Ongeféier d’Hallschent vun de Leit géifen den Entzuch fäerdeg maachen, vun deenen, déi e fäerdegmaache, géif och net jiddereen eng Therapie ofschléissen.
Der Brigitte Jeitz hire Familljemember soll dës Woch eng nei Therapie ufänken – si mécht sech awer Suergen, datt hie se ofbrécht a wëll, dass hien och an deem Fall an eng betreite Wunneng ka goen. Do sinn d’Méiglechkeeten den Ament awer ganz begrenzt.
Dobäi wier et fir Leit, déi op der Strooss liewe ganz schwéier, d’Demarchen ze maache fir eng Therapie ze maachen. An Abstinenz wier och net an all Fall déi beschte Léisung.
Fir Drogenofhängeger, déi aktiv consomméieren, ze logéieren gëtt et den Ament nëmmen eng Offer hei am Land, dat ass den Housing First vun der CNDS.
Hei ginn et 24 Plazen, net nëmme fir Drogenofhängeger, mee och fir Leit an anere prekäre Situatiounen. Déi Plaze wieren den Ament all besat, d’Offer misst deemno op alle Fall ausgebaut ginn, seet den nationalen Drogebeobtraachte vun der Regierung Alain Origer, an d’Konditioune fir opgeholl ze ginn, missten nach méi erofgesat ginn. Ee Probleem wier awer, fir Wunnengen ze fannen.
Deen eenzegen Therapiezenter fir Suchtkranker zu Lëtzebuerg, d’Syrdall Schlass zu Manternach kann den Ament bis zu 25 Persounen ophuelen – och déi Kapazitéite sollen ausgebaut ginn. Fir Drogenofhängeger, déi eng Therapie hannert sech hunn, géifen et aktuell ronn 100 encadréiert Wunnenge ginn.