No staarkem Reen um WeekendWaasserschued an der SportFabrik zu Uewerkuer

RTL Lëtzebuerg
D'SportFabrik soll Elite-Sportler hëllefen, hir Leeschtungen ze verbesseren. Eréischt Enn zejoert war se offiziell ageweit ginn.
© MSP

No dem staarke Ree vum leschte Weekend sinn Deeler vun der neier SportFabrik iwwerschwemmt ginn. Wéi de Sportsministère an den LIHPS e Mëttwoch matdeelen, wier d’Waasser duerch den Noutausgang agedrongen an hätt am Labo u verschiddenem Test-Ekipement schwéier Schied ugeriicht.

Firwat d’Waasser esou konnt era kommen, gëtt den Ament nach ënnersicht. Zesumme mat der Stad Déifferdeng gëtt elo och gekuckt, wéi grouss d’Ausmooss vun de Schied ass. Den Ament wier et nach net méiglech, ze soen, wéi laang d’Reparaturaarbechten dauere wäerten. D’Prioritéit wier elo - speziell och virun Olympia 2024 zu Paräis - de Support vun den Elittesportler, déi d’SportFabrik déi Zäit net benotze kënnen.

Back to Top
CIM LOGO