
Wann et ëm Iessen an Drénke geet, ass dem Lëtzebuerger kee Wee ze wäit: souguer an d'Vereenegt Arabesch Emiraten - duerfir och d'kulinaresch Offer an der Schengen Lounge am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltexpo zu Dubai, déi deem soll Rechnung droen, mä dat awer net genuch mécht. Dat dreift en Zéngtel vun den Deputéierten esou ëm, datt si parlamentaresch Froe verfaasst hunn an och mëndlech an der Chamber intervenéiert sinn. Net den Agrar-, mä de Wirtschaftsminister huet en Dënschdeg geäntwert a bleift bei senger Positioun. Nämlech, datt mat 5 Miseler Wäiner an engem Cremant u sech genuch Lëtzebuerger Produkter zu Dubai zerwéiert ginn. Do dernieft stinn op der Wäilëscht awer och Cruen aus zum Beispill Australien mat engem Merlot, aus Italien mat engem Pinot Grigio, aus Frankräich mat engem Chardonnay grad wéi zwou dichtege Champagne-Marken.
"Dat geet dach net, ass traureg an alles anescht wéi "Nation branding" sou d'Meenung vu ville Wënzer op de sozialen Reseauen, déi sech un de Choix vun der Luxair erënnert gefillt hunn, fir de Lëtzebuerger Cremant duerch däers aus dem Elsass z'ersetzen.
Och 6 Deputéiert sinn op den Zuch gesprongen an hu sech indignéiert gewisen, virun dësem Desequiliber op der Wäikaart, deen dach schlecht bei zum Beispill d'Kniddelen passt, déi bei knapp 40 Grad zu Dubai opgedëscht ginn.
Fir de Wirtschaftsminister Fayot, dee perséinlech an der Froestonn virstelleg gouf, fir op den Dubai-Wine-Gate ze reagéieren, wier de Choix awer keen "Désaveu" vum Lëtzebuerger Wäibau, mä villméi d'Konditioun vun engem Kontrakt gewiescht.
Dee gëtt et nämlech mam Exploitant vum Pavillon, dem Hotels-Grupp Jumeirah, deen nieft dem Lëtzebuerger Wäin eeben och aner Crue verkeeft. Dat wier "part of the deal" an dat hätt ee missten acceptéieren, sou de Minister Fayot.
Fir hien ass a bleift de Pavillon zu Dubai trotz allem eng gutt Vitrinn fir d'Lëtzebuerger Kichen an de Wäibau, a vläicht och eng Entrée, fir Wënzer an der Regioun vum Mëttleren Osten a speziell an de Vereenegten Arabeschen Emiraten hir Produkter ze verkafen.
Quitt awer, datt d'Vente vun Alkohol mat héijen Taxen a komplexen administrative Formalitéiten am Mëttleren Oste verbonnen ass. Wéi vill vun den 3.600 Fläsche Miseler, déi gutt gekillt zu Dubai am Pavillon stockéiert sinn, herno och gedronk goufen, gi mer gewuer, wann d'Expo eriwwer ass.
Ob d'Äntwerte vum Minister Fayot awer d'Gemidder op der Musel berouegen, ass kaum ze gleewen. D'äerdeg Deputéiert wäerten schonn d'Fiedere gespëtzt hunn.