Ëmmer méi Leit maachen dat via Internet a loosse sech d'Päck dann heemliwweren. Bei der Post leeft den Triage dofir den Ament op Héichtouren.
Tëscht Black Friday a Chrëschtdag ginn hei all Dag ronn 30.000 Päck gescannt a sortéiert. An deenen anere Méint sinn et ëm 15 bis 20 Dausend Colisen den Dag. Déi meescht Päck kommen owes un, ginn dann duerch den Triage, fir Moies an de Camionnettë rausgefuer ze ginn.
Mee wéi eng Rechter huet een, wann de Kaddo ze spéit geliwwert gëtt an eréischt no de Feierdeeg ukënnt?
De Kevin Wiseler, Jurist beim europäesche Konsumenteschutz:
"E Widerrufsrecht vu 14 Deeg huet een ëmmer, do spillt et keng Roll, ob et ze spéit komm ass oder mat Zäit. Dat kann een ëmmer zeréckschécken. Dat heescht wann et ze spéit ukënnt an et wëll een et net méi, da kann een säi Widerrufsrecht benotzen, mee do ass et wichteg, den Händler ze kontaktéieren a kloer ze soen, dass een de Kontrakt widderruffe wëll. Einfach d’Saach zeréckschécke geet net duer."
An Däitschland gëtt bei de Kleeder a Schong ronn all zweete Pak zeréckgeschéckt. Bei eis am Land ginn éischter aner Artikele bestallt an d’Retoure leie bei nëmmen 1 bis 5 Prozent. Bestallt gëtt am Internet awer ëmmer méi. 3,6 Millioune Päck waren et zu Lëtzebuerg am leschte Joer. Dëst Joer rechent d’Post esouguer iwwer 4 Millioune Päck ze kommen. Eng grouss Partie mécht d’Chrëschtgeschäft aus:
De Michael Billert, Responsabel Colis bei POST Lëtzebuerg
„Also mir wäerten den 23. a 24. op jidder Fall nach Zoustelltouren hunn. Mir hu mat eisem Client ausgemaach, dass mir de 24. nëmmen nach kleng Quantitéiten erakréien, déi mer dann nach den Dag selwer zoustellen. Dat heescht de leschten Dag, wou mir wéi gewinnt Wuer unhuelen, ass den 23. an de 24. bleift awer en normalen Zoustelldag.“
Fir d‘Quantitéit u Päck ze geréieren, ass ënnert anerem an eng nei Sortéier-Anlag investéiert ginn. Ma och den Aarbechtsopwand - speziell virun de Feierdeeg - klëmmt:
„Also grondsätzlech hu mir all d’Schichte verstäerkt. Momentan schaffe mir hei 6 Deeg an der Woch, dat heescht vu Méindeg bis Samschdegowend. Den Ament gesi mir d’Noutwendegkeet nach net, fir och um Sonndeg Päck ze liwweren, mee wann dat sollt néideg sinn, da si mir och dorop virbereet. Dat ass den Ament awer nach net néideg, well mer genuch Kapazitéiten hunn.“
Mat bis zu 160 Chauffere ginn d’Päck dann nach bis Hellegowend bei d’Leit bruecht.