"Safety First - Sécherheet am Internet"Wann een an der Filterblos stécht, wat kann een dogéint maachen?

Tim Hensgen
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Filterblos
Wat ass eng Filterblos? Wéi erkennt een, datt een dran ass a wéi kënnt een do eraus?

Eng Filterblos ass eppes, wat heefeg an de soziale Medien, ma och emol an aneren Apps, optrëtt. Et bedeit, datt een duerch den Algorithmus vu Facebook, X a Co nëmmen Inhalter an Informatiounen ugewise kritt, déi senge Meenungen a Virléiften entspriechen. Filterblose sinn also perséinlech op engem seng eege Virléiften zougeschnidden.

Et ass awer schwéier z’erkennen, wéi déif een an dëser Filterblos stécht, well villes vun deem, wat een ugewise kritt, ass op engem säi Goût geschnidden. Saachen, déi engem net gefalen oder déi een net uspriechen, kritt ee quasi keng ugewisen. Politesch Inhalter, déi ugewise ginn, spigelen engem seng Meenung iwwert déi jeeweileg Sujeten erëm. Wann dat bei quasi alle Bäiträg an de soziale Medien de Fall ass, esou stécht een an dëser Filterblos.

Ma fir dat genee erauszefannen, kann een op filterbubble.lu goen an den Test maachen. Um Enn vum Test kritt een e Resultat an och Tipps, wéi een aus der Filterblos erauskënnt. Dat geet vum Notze vu verschiddene Softwaren oder Astellungen um Handy bis hin zum Likë vu Bäiträg, déi engem u sech net gefalen. Esou nämlech kann een den Algorithmus austricksen, esou datt een och aner Saachen ugewise kritt.

Back to Top
CIM LOGO