
D'CSSF, also d'Commission de Surveillance du Secteur Financier, warnt virun engem Versuch vu Phishing, also enger Zort Dateklau.
Clientë vu Lëtzebuerger Banke kruten an der Lescht SMSen oder E-Mailen, déi se opgefuerdert hunn, um Site vun hirer Bank online ze goen. Vum SMS oder der Mail ginn d'Leit op ee Pirate-Site weidergeleet, dee quasi identesch mam Original-Site vun hirer Bank ass - mam Hannergedanken, un de Leit hir Passwuert, Token-Nummer etc. ze kommen an dann d'Konten ze plëmmen.
Fir do derlaanscht ze kommen, soll een ëmmer nëmmen op den Internet-Site vun der Bank goen an net op een aus enger SMS oder enger E-Mail.