Lëtzebuerger GarenWat ass d’Zukunft vum Patrimoine Ferroviaire?

RTL Lëtzebuerg
Wat fir Objete ginn nach zesumme mat Sites et Monuments ënnersicht, ob se derwäert sinn, fir als Patrimoine national ze gëllen.
Sites et Monuments
Wat geschitt mat eise Garen a wat fir Gebaier ginn nach gehalen?

An – och déi Kategorie gëtt et – wéi eng Garë mat Bâtiments voyagers dobäi musse geaffert ginn? Op dës Froe gouf et en Donneschdeg Äntwerten, dat op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Kulturministesch an dem Bauten- an Transportminister. Et wéilt een op déi sëllegen Diskussiounen a Rumeure reagéieren a kloerstellen, wat elo effektiv wäert a soll geschéie mam Patrimoine Ferroviaire, erkläert de Minister Bausch.

Wann een der Politik gleeft, kléngen d’Chifferen net esou uerg, wéi ee kéint mengen. Vun den 38 Garë mat Bâtiment Voyageur wieren der 3 klasséiert an 12 an der procédure de classement. 20 géifen der den Ament zesumme mat Sites et Monuments ënnert d’Lupp geholl. 15 wieren der also geschützt, wat awer net géing heeschen, dass déi aner géifen all ofgerappt ginn.

05/02/2022 BAND 07H30 Serie Patrimoine Ferroviaire PK -goerg

Power-Point-Presentatioun vun de Ministèren

PDF: Communicatioun vu Luxembourg under destruction

Back to Top
CIM LOGO