
E Sonndeg den Owend huet de Premier Xavier Bettel d'Mesuren an der Lutte géint de Coronavirus weider verschäerft. No de Schoulen, Crèchen, Maisons Relaisen musse vun e Méindeg un och Caféen, Restauranten, Handwierksbetriber an aner net vital Geschäfter respektiv Gebailechkeeten hir Dieren zouloossen.
D'Handwierk-Federatioun huet e Sonndeg den Owend mat engem Schreiwes versicht, fir méi Kloerheet ze suergen. Hei heescht et, datt all Aktivitéiten, wou Clienten empfaange ginn an e Sécherheetsofstand vun 2 Meter net ka garantéiert ginn, musse gestoppt ginn.
Dozou zielen: Coiffeur, Kosmetik, Farschoulen, Tätowéierungen, Ausstellungen, Show-Rooms, Restauranten, Salons de consommation (...)
Der Fédération des Artisans no, kënnen d'Aarbechten op Chantieren an an Atelieren, d'Produktiounsaarbecht, d'Interventioun bei ëffentlechen, professionellen a private Clienten an och d'Verwaltungsaarbecht an Entreprisen ënnert der Bedingung, datt d'Restriktioune mat der Hygiène agehale ginn an den direkte Kontakt mat Clienten op e Minimum reduzéiert gëtt, weider ausgefouert ginn.
Vun de Restriktioune si Gesondheetsberuffer (z.B. Optiker oder Apdikten), Tankstellen, Wäschereien, Supermarchéen an Epicerien net betraff.