Ausbléck op 2023Wat déi Lëtzebuergesch Wirtschaft erwaart

Diana Hoffmann
Mam neie Joer wäert sech fir d’Ekonomie d’Säit net einfach dréinen.

Och 2023 wäert d’Onsécherheet souwuel fir d’Betriber, d’Investisseure wéi och fir d’Stéit nach iwwer allem stoen. De Krich an der Ukrain wäert, genausou wéi och schonn dëst Joer, den Haaptfacteur fir den Afloss op d’Wirtschaft bleiwen, seet den Direkter vun der Chambre du Commerce, de Carlo Thelen.

D’nächst Joer geet de Statec a senger Prognos vun engem Wirtschaftswuesstem hei am Land vun 1,5 Prozent aus. Et géing esou ausgesinn, wéi wann een an der Eurozon nach eng Kéier mat engem bloen Aen dovu kéim.

Dëst Joer louch d’Croissance zu Lëtzebuerg bei engem Prozent. Domat bleift d’Land awer hannert sengem gewinnte Wuesstem vun 3 bis 4 Prozent zréck. «Dat ass d’Croissance déi mer och brauchen, fir eise Sozialstaat ze finanzéieren an eise Lëtzebuerger Model kënnen ze erhalen», ënnersträicht den Direkter vun der Chambre de Commerce. Dowéinst géing hie sech Suergen ëm d’Zukunft vum Land maachen.

Wann et der EU a besonnesch der Eurozon gutt geet, da geet et och Lëtzebuerg gutt, seet den RTL-Finanzexpert Jeffrey Drui. Esouguer normalerweis besser wéi der Moyenne. Fir d’Eurozon gëtt mat engem klengen Plus vum PIB vu just 0,5 Prozent am nächste Joer gerechent. Grouss Fro wäert sinn, wéi héich d’Inflatioun wäert bleiwen. An der Eurozon geet déi Europäesch Zentralbank vun engem Inflatiounstaux vu 6,3 Prozent aus. Zu Lëtzebuerg soll d’Inflatioun der EZB no am leschte Quartal 2023 bei “nëmmen” 3,4 Prozent leien.

Déi héich Energiepräisser, déi d’Inflatioun besonnesch dréiwen, maachen de Betriber den Ament nach Suergen. Woubäi d’Secteuren ënnerschiddlech concernéiert sinn. Zum Beispill wier de Service-Secteur generell manner betraff, seet den Carlo Thelen. E gewiichtege Secteur an der Lëtzebuerger Ekonomie.

Am schlechtste géing et awer generell an der Industrie an der Konstruktioun ausgesinn. Den energieintensiven Industriesecteur leit besonnesch ënner den héije Präisser. An der Konstruktioun géing d’Nofro no neie Projeten erof. D’Erhéijung vun den Zënse géing hei de Secteur zum Stëllstand bréngen, seet den Jeffrey Drui.

Wat positiv stëmmt, wier awer déi d’Resilienz vun de Betriber, sou de Carlo Thelen. Wëll heeschen, dass se sech bis elo upassungsfäeg gewisen hunn. Faillitten, déi an Europa vum de drëtten Trimester un ëm 20 Prozent an d’Luucht gaange sinn, géifen et hei nach net ginn.

Back to Top
CIM LOGO