Ëmweltschied verhënnerenWat gëtt géint d'Deponien zu Suessem, Déifferdeng a Rédange (F) ënnerholl?

RTL Lëtzebuerg
Mat direkt dräi parlamentaresche Froen zu Deponien huet den DP-Deputéierte Gusty Graas d'Ëmweltministesch befaasst.
© Google Maps

An där enger geet et ëm eng illegal Deponie zu Rédange hei vir a Frankräich, an där anerer ëm eng „Phantomdeponie" zu Suessem. D'Lëtzebuerger Wort a reporter.lu haten dovu geschriwwen. D'Carole Dieschbourg äntwert virop op d'Fro iwwer Suessem, si hätt hir Äntwerte ginn an der Hypothees, dass mat „Phantomdecharge" d'Deponie Wawerbësch gemengt ass.

Deponien zu Suessem a Rédange / Rep. Eric Ewald (1.3.2020)

"Phantomdeponie" zu Suessem

Beamte vun der Ëmweltverwaltung hätte bei enger Visite des lieux virun engem décke Mount e Waasseroffloss matzen an der Deponie bemierkt. Fir eng eventuell Verschmotzung festzestellen a quantifizéieren ze kënnen, hätt si ArcelorMittal dozou invitéiert, Analyse vun deem Waasseroffloss maachen ze loossen. Eréischt dono wär ze gesinn, wat fir en Impakt dës Ofwässer op d'Ëmwelt hunn, sou d'Ministesch.

D'Gemenge vun Déifferdeng a Suessem hätten ewell, wéi am Dezember 2017 iwwer eng Deponie fir Schmelzoffäll Rieds war, hir Ängschte virbruecht. De leschte Mount hätt d'Societéit Cloos matgedeelt, dass mat den Impaktetüden ugefaange gouf. D'Ëmweltverwaltung géif d'Deponie net iwwerwaachen, ma et wären nei Analyse gefrot ginn. Mam bloussen A wär ze gesinn, dass d'Sickerwaasser wuel ganz basesch, vill Salz enthalen an d'Konzentratioun un Arsen an Eisen héich ass, wat op Schlaken hindeite géif, déi eng Auswierkung op d'Waasser haten.

PDF: Parlamentaresch Fro

Back to Top
CIM LOGO