Temporär ButtekerWat huet et mat de Pop-Up-Storen zu Lëtzebuerg op sech?

RTL Lëtzebuerg
Pop-Up-Geschäfter – op eemol si se do a genee esou séier si se erëm fort. Ee Konzept, dat säi Wee och op Lëtzebuerg fonnt huet.
VIDEO: Pop-Up Stores / Rep. Vidosava Kuzmic (10.12.19)
Pop-Up Geschäfter – op eemol si se do a genee esou séier si se erëm fort. Ee Konzept, dat säi Wee och op Lëtzebuerg fonnt huet.

D'lescht Woch sinn eleng an der Stad 3 Pop-Up-Storen offiziell ageweit ginn. Ee Kleedergeschäft, ee Spillraum fir Kanner an eng Galerie. Ma wat beweegt een Entrepreneur dozou, just fir e puer Méint ee Geschäft opzemaachen? Wéi eng Virdeeler huet dës Form vu Commerce? D'Vidosava Kuzmic stellt iech 3 verschidde Pop-Up-Storë vir an d'Leit an hir Motivatiounen, déi dohannert stiechen.

En temporäre Buttek, deen de Clienten eppes Neies bidde soll

Vum Skater zum Entrepreneur - esou kéint een dem Dan Gantrel säi Wee beschreiwen. Deemools scho keen Onbekannten an der Zeen, huet hien 2010 mat nëmme 24 Joer ee Skate-Shop iwwerholl. Nodeems deen ëmmer méi grouss ginn ass, huet hien 2014 en zweet Geschäft gegrënnt, spezialiséiert op Sneaker a Streetwear. Hie géing ëmmer versichen, senge Clienten eppes Neies ze bidden, seet den Dan, an et wier him wichteg, sech selwer a Fro ze stellen a sech weider z'entwéckelen.

Dan Gantrel:"Innovatioun ass mengen ech hautdesdaags den A an O. Wann s du e Geschäft wärend 10 Joer ëmmer nämmlecht léiss, dann ass et normal, dass op eemol de Client dat net méi interessant fënnt. De "buying experience" geet verluer."

An deem Esprit huet den Dan een drëtt provisorescht Geschäft opgemaach: ee Pop-Up-Store. Dat heescht, ee Buttek, dee just temporär do ass. Um "Black Friday" huet e seng Dieren opgemaach, den 18. Januar ass et da schonn erëm eriwwer.

Dan Gantrel: "Mir hu scho laang d'Iddi vun engem Pop-Up Store am Kapp gehat [...]. Fir eis ass ëmmer wichteg, dass, wa mer e Pop-Up Store maachen, mir e bëssen eppes Extraes mat erabréngen. [...] Wann s du 1:1 dat nämmlecht méchs [wéi am Geschäft], mécht et jo u sech kee Sënn."

Dofir huet den Dan eng kleng Skate-Ramp an de Pop-Up-Store abaue gelooss, wou d'Clientë skaten a Brieder teste kënnen. Mat senger Iddi fir ee Pop-Up-Store ass den Dan Gantrel awer net eleng. An dass dat Konzept net just op Kleedergeschäfter applizéiert ka ginn, gesäit een an der Groussgaass.

Hei fënnt een zanter Mëtt November eng Pop-Up-Galerie vun "De Mains de Maîtres", eng Associatioun, déi d'Lëtzebuerger Konschthandwierk promouvéiert. Vue dass "De Mains de Maîtres" eng Biennale ass, also just all zwee Joer eng grouss Expo organiséiert, géing et hei virun allem drëms goen, och ausserhalb vun der Biennale present ze sinn, erkläert de Jean-Marc Dimanche.

Dobäi kënnt, dass et sech ëm eng ASBL handelt, et geet also net drëms, finanzielle Profit ze maachen. Ma aus deem nämmlechte Grond wier et och net méiglech gewiescht, deen übleche Loyer fir d'Raimlechkeeten ze bezuelen. De Commerce, deen eidel stoung, krut d'Asbl gratis zur Verfügung gestallt.

Wéini ass de richtege Moment, fir e Pop-Up-Store opzemaachen?

Den Zäitpunkt, fir ee Pop-Up-Store opzemaachen, soll eng grouss Roll spillen. Verkafstechnesch gesinn ass d'Zäit viru Chrëschtdag ideal, fir Geschäfter ze maachen. De Jean-Marc Dimanche gesäit dës Erfarung awer virun allem als Pilotprojet, fir ze kucken, wéi Kënschtler a Clienten op eng Galerie vun "De Mains de Maîtres" reagéieren. D'Fro géing sech also stellen, ob een an Zukunft eng permanent Galerie opmécht. "Dat hänkt natierlech vun de Konditiounen of, well zum normale Loyer ass et net méiglech", esou de Jean-Marc Dimanche.

A genee do spréngt d'Stad Lëtzebuerg an. Am Kader vun engem neie Projet verlount d'VdL zwee Pop-Up-Geschäfter an der Philippsgaass. Dës Offer riicht sech virun allem u jonk Entrepreneuren, déi nach kee Geschäft an der Stad hunn. De Loyer gëtt dann individuell un d'Situatioun vum Entrepreneur ugepasst, a geet vu 650 bis 2.250 Euro. D'Zil wier et, de Commerce ze beliewen, jonk Entrepreneuren z'ënnerstëtzen an eng villfälteg a sech ergänzend Offer u Geschäfter an der Stad ze hunn, erkläert de Serge Wilmes, Responsabel fir de Commerce an der Stad.

Fir d'Pop-Up Storen huet d'VdL dat japanescht Kleedergeschäft "Botari" an de Projet "Bricks4Kidz" erausgesicht. 2017 hunn den Antonio an d'Monica Carvalho dëse Projet an d'Liewe geruff an organiséiere pedagogesch Aktivitéite ronderëm Lego-Steng. Op eng spilleresch Manéier léieren, dat ass d'Zil.

Stad Lëtzebuerg wëll als gutt Beispill virgoen

Ma bis elo hu si ëmmer misse bei d'Kanner fueren, an d'Schoulen oder Crèchen. Mat dësem Pop-Up-Store konnte si sech elo de Wonsch vun engem Kreativ-Zentrum erfëllen. Genee esou wéi de Buttek "Botari" bleiwen den Antonio an d'Monica bis Enn Abrëll 2020 an der Philippsgaass.

Ma schonn elo, just eng Woch no der offizieller Aweiung, si si ganz zefridden. Duerch déi privilegéiert Plaz an der Foussgängerzon, wéi den Antonio seet, komme vill Leit laanscht a si virwëtzeg. Hire Wonsch wier ganz kloer am Stadzentrum ze bleiwen, och no de 6 Méint am Pop-Up-Store. An deem Sënn erhofft ee sech hei Ënnerstëtzung vu Säite vun der Gemeng, fir zu engem abordabele Loyer een anert Geschäft occupéieren ze kënnen, esou den Antonio Carvalho. Ma och déi Responsabel vun der Stad maache sech scho Gedanken, wéi et kéint viru goen.

Serge Wilmes:"Et ass jo gesot, tëscht engem a sechs Méint. Dat heescht, mir kucken also och ëmmer erëm Neier eran ze kréien. Stellt sech natierlech och d'Fro, wa lo zum Beispill eng Geschäftsiddi gutt funktionéiert, wéi gi mer dann do virun. Mä d'Konzept soll scho sinn: limitéiert op maximum sechs Méint. Also mir hu lo net wëlles, déi do Butteker lo iergendwann eng Kéier erëm ofzestoussen, mä mir maachen awer och gären no enger Zäitchen e Bilan, fir ze kucken, wéi et gelaf ass. An dann iwwerleeë mer eis, ob mer vläicht och soss an anere Quartieren d'Méiglechkeet hunn, fir mol Pop-Up Storen opzemaachen."

D'Stad Lëtzebuerg wëll an där Hisiicht mam gudde Beispill virgoen a freet sech iwwer Initiativen, déi um Privatmarché entstinn, esou wéi beim Dan Gantrel a sengem Skate-Shop. Hie fënnt och gutt, dass Beweegung erakënnt an dass eppes geschitt an der Stad.

Fir d'Raimlechkeete vum Pop-Up-Store huet den Dan och scho seng Pläng. D'nächst Joer soll den Olliewood hei eraplënneren an och bleiwen. Ee Geschäft op kuerz Zäit opzemaachen kann also a villen Hisiichte Sënn maachen. Sief et, fir senge Clienten eppes Neies ze bidden, méi Visibilitéit ze kréien oder eng nei Geschäftsiddi ze testen. A vläicht gëtt an enger zweeter Etapp aus enger temporärer Iddi e permanent Konzept.

Back to Top
CIM LOGO