
Befrot goufe 600 Fraen a Männer aus verschiddenen Altersgruppen a Nationalitéiten. A fir ronn Zweedrëttel vun de Befroten ass d’Kompetenz ausschlaggebend.
A Krisenzäiten zielt fir d’Leit virun allem, datt gewielte Politiker kompetent sinn an och adequat Decisioune kënnen huelen. Dat wier méi wichteg, wéi Sympathie a Charisma respektiv einfach Wierder. Fir de Managing Partner vun ATOZ Keith O’Donnell weist dat, datt d’Leit zu Lëtzebuerg manner fir Populismus ufälleg wieren:
“Mir mengen, dass eng Fro vun der Lëtzebuergescher Kultur, mir sinn an engem klenge Land mat Nopeschlänner direkt an der Géigend an do ass keng Plaz fir Populismus. An engem grousse Land hoffen d’Leit villäicht op charismatesch oder staark Leit, déi d’Land weiderbréngen, mee hei setzt ee méi op Pragmatismus an d’Leit kucke méi op d’ Kompetenz.”
Zouverlässegkeet a Gewëssenhaftegkeet sinn zwou Qualitéiten, déi fir Leit iwwer 35 Joer bei de Politiker wichteg sinn. Déi méi Jonk tëscht 18 a 34 Joer par konter siche spezifesch no Politiker, déi net nëmme gespréicheg an oppe sinn, mä och hëllefsbereet an agreabel.
Queesch duerch all Altersgruppe gëtt et awer och verschidden Eegenschaften, déi guer net gutt gesi sinn.
“Am schlëmmsten hunn d’Leit de Favoritismus fonnt. Dat war kloer ginn, dass se dat ënner kengen Ëmstänn wëlle gesinn. Dat ass villäicht erëm dowéinst, well mer hei an engem klenge Land sinn an dat hei direkt opfält.”
Ganzer 53 Prozent hu sech géint des Praxis ausgeschwat. 49 Prozent hunn uginn, datt se egoistescht Verhale vu Politiker ofleenen. Datt verschidde Politiker hiert Mandat net fäerdeg maachen, gesinn déi Befrote par konter manner schlëmm. Wat d’Politiker an hirem Privatliewe maachen, wier de Befroten och éischter egal, d’Haaptsaach wier, dass se hire Beruff gutt maachen.
Dëse Sondage gouf vu Quest am Optrag vun ATOZ gemaach.