Vandalismus u WalplakaterWat stécht hannendrun a wéi kann een dogéint virgoen?

RTL Lëtzebuerg
Dës Lescht ass et op enger Partie Plazen zu Vandalismus géint Walplakater komm.
© Domingos Oliveira

Mir hu beim Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen nogefrot, wéi eng Grënn sou Tëschefäll kënnen hunn a wéi ee präventiv géint dës Virgoe kann.

Wat stécht hannert dem Vandalismus u Walplakater?

Virop wier et dem Marc Schoentgen no esou, dass d’Zerstéieren oder Beschmiere vu Walplakater hei am Land wuel virun allem individuell motivéiert wier an eenzel Persounen op dës Manéier zum Beispill hire Protest géint eng Partei ausdrécken. Dat hätt och vill mat den Emotiounen ze dinn, déi am Walkampf, wou politesch matenee gestridde gëtt, besonnesch staark opkomme géifen.

Dem Marc Schoentgen no kachen d’Emotiounen am Walkampf héich

Zu Lëtzebuerg wier et an der Reegel net de Fall, dass organiséiert Gruppen hannert esou Tëschefäll stiechen oder, dass eng Partei systematesch d’Plakater vum politesche Géigner zerstéiert.

Eng organiséiert Zerstéierung vu Walplakater wier éischter auszeschléissen

Am Allgemenge wier et awer schwéier, déi genee Grënn fir d’Vandaliséieren oder Zerstéiere vu Walplakater ze nennen. Dat well et jo an der Natur vun der Saach leie géif, dass et ëmmer nëmme wärend dem Walkampf zu esou Tëschefäll kënnt an dat da meeschtens och nëmme kuerz virun de Walen.

Tëschefäll eescht huelen, ma vu politescher Gewalt ze schwätze geet ze wäit

Eescht huelen, misst een esou Tëschefäll an deem Sënn, dass d’Proprietéit vun enger Partei géif zerstéiert ginn. Wa Walplakater zerstéiert ginn, hätt dat och dacks eng politesch Motivatioun. An deem Sënn géifen d’Leit, déi hannert esou Tëschefäll stiechen, d’Méiglechkeet vun aneren, sech op eng legitim Manéier politesch ze äusseren, aschränken.

Méiglechkeet sech politesch auszedrécken, gëtt ageschränkt

Ma vu politesch motivéierter Gewalt ze schwätzen, géif an dësem Kontext wuel ze wäit goen. Dës géif sech dacks an der verbaler Ausernanersetzung ausdrécken a géif bis zu der kierperlecher Gewalt goen. Do wier d’Situatioun an anere Länner sécherlech vill méi uerg.

Vu politesch motivéierter Gewalt ze schwätzen, geet dem Marc Schoentgen ze wäit

An der Präventioun bei de Jonken usetzen

Bei der Fro, wat ee maache sollt, dass et an Zukunft net méi respektiv zu manner dëser Tëschefäll kënnt, kéint een dem Marc Schoentgen no a Saache Preventioun bei deene Jonken usetzen a si dofir sensibiliséieren, dass et de Sënn vun der Demokratie ass, sachlech iwwer verschidde politesch Positiounen ze diskutéieren, an dass Vandalismus keen Deel vun esou engem politeschen Dialog wier.

Déi Jonk fir de politesche Prozess sensibiliséieren

Opmierksamkeet fir d’betraffe Parteien

Schliisslech misst een nach festhalen, dass esou Tëschefäll vu Vandalismus u Walplakater op eng gewësse Manéier och e positiven Effet kéinten hunn. Och wann et déi concernéiert Parteie sécher net freeë géif, wann hir Plakater géifen zerstéiert ginn, géifen si an hir Themen doduerch och eng gewëssen ëffentlech Opmierksamkeet kréien.

De Vandalismus kann de concernéierte Parteien och Opmierksamkeet bréngen

Ma och wann een enger Partei oder engem Thema domat Opmierksamkeet bréngt, sollt ee sech net beim Beschmieren oder Zerstéiere vu Walplakater erwësche loossen. Dofir riskéiert een nämlech eng Geldstrof tëscht 251 a 25.000 Euro respektiv eng Prisongsstrof vun 3 Méint bis 5 Joer.

Back to Top
CIM LOGO