Zwee Posten ze besetzenWee fräi fir Paulette Lenert am Staatsrot?

Roy Grotz
D'Chamber hëlt vun elo u Kandidaturen u fir zwou fräi Plazen am Staatsrot. Eng Ausschreiwung ass der fréierer Gesondheetsministesch bal op de Leif geschriwwen.
© RTL

Via d'Chamber ass en Dënschdeg de Wee fräi gemaach ginn, datt ee vun den zwee fräie Posten am Staatsrot nees ka besat ginn. Offiziell gouf nämlech den Appel à candidatures lancéiert, bei deem sech Interesséierter kënnen mellen, fir dann an engem Chambervott designéiert ze ginn.

Et ass jo déi fréier LSAP-Ministesch an aktuell Ost-Deputéiert Paulette Lenert, déi sech bei eis op der Antenn fir de fräie Posten am Staatsrot interesséiert sot, nodeem den Yves Wagner demissionéiert hat, dee fir Déi Gréng am Conseil d'État war.

Op jiddwer Fall passt ee vun den zwee Profillen op déi fréier Riichterin Paulette Lenert. Gesicht gëtt entweder eng Persoun mat komplettem Uni-Ofschloss am Droit a mat Beruffserfarung am Verwaltungsrecht oder mat enger Spezialiséierung am Droit des Sociétés. D'Kandidatur vun der Ost-Deputéiert muss awer nach duerch den LSAP-Generalrot.

Net nëmmen dëse Posten muss am Staatsrot ersat ginn, mee och dee vum demissionäre Georges Kohn, deen iwwerraschend no nëmmen zwee Joer zeréckgetruede war. Dee Posten dierft un d'DP goen.

Back to Top
CIM LOGO