
D'Landgeriicht Zweebrécken gesäit allerdéngs, anescht wéi de Parquet, net genuch Indicen op ee virsätzleche Mord an domat och net op eng Mord-Uklo, wéi aus enger Matdeelung e Freideg ervirgeet. Villméi kéim eng Verurteelung wéinst Kierperverletzung mat Doudesfolleg a Betruecht.
Zu der déidlecher Attack koum et den 2. Februar wärend der Faart vun engem Regionalzuch bei Landstuhl a Rheinland-Pfalz. Well de Verdächtege keen Ticket hat, huet de 36 Joer alen Zuchbegleeder hien dem Parquet no fir d'éischt opgefuerdert, seng Carte d'identité ze weisen. Wou den Ugekloten dat awer net wollt maachen, huet den Zuchbegleeder hien aus dem Zuch geschéckt.
Der Uklo no huet de Verdächtegen dem Zuchbegleeder doropshin e puermol esou schro mat der Fauscht widder de Kapp geschloen, datt d'Affer vu sech op de Buedem gefall ass an un enger Bluddung am Gehier gestuerwen ass. De Verdächtege gouf kuerz drop am Zuch festgeholl. Den Zuchbegleeder huet misse reaniméiert ginn, ma ass zwee Deeg méi spéit an engem Spidol verscheet.
D'Dot huet an Däitschland an der Ëffentlechkeet eng Debatt iwwer d'Sécherheet vum Zuchpersonal an déi klammend Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft ausgeléist. Dem Parquet vun Zweebrécken no huet de Beschëllegten den Doud vum Zuchbegleeder op d'mannst a Kaf geholl. Et wier vun enger Dot aus "niddere Beweeggrënn" auszegoen.
D'Ermëttler hunn dowéinst eng Uklo wéinst Mord erhuewen. D'Landgeriicht Zweebrécken gesäit allerdéngs dem aktuellen Ermëttlungsstand no "net genuch Grënn", dovun auszegoen, datt et virsätzlechen Delikt gewiescht wier. Esou ee Virsaz wier awer eng zwéngend Conditioun fir eng Verurteelung wéinst Mord oder Doudschlag.
D'Geriicht geet zwar dovun aus, datt den Ugekloten den Zuchbegleeder zwar kierperlech mësshandelen a gesondheetlech schiedege wollt, ma säin Doud hätt hien awer net gewollt oder a Kaf geholl. D'Geriicht huet iwwerdeems betount, datt déi tatsächlech Schold an der Haaptverhandlung gekläert géif ginn.
De Prozess geet de 24. Juni lass, mat Geriichtssëtzunge bis den 9. Juli. Fir Kierperverletzung mat Doudesfolleg gesäit dat däitscht Gesetz eng Prisongsstrof vun dräi bis 15 Joer vir.