Opléisung vu Groupe techniqueWéi ass den Impakt fir d'Piraten an d'ADR?

RTL Lëtzebuerg
No den Ännerunge bei der Fraktiounsfinanzéierung hu béid Parteien elo méi Sue fir d'Salairen, mä zwee Avantagë falen ewech.
© RTL-Grafik

Si krute méi Suen duerch d’Ännerunge bei der Fraktiounsfinanzéierung. Modifikatiounen, déi zanter dem éischte Januar a Kraaft sinn. Zanterhier sinn d’ADR an d’Pirate kee Groupe technique méi, mä hunn dee fräiwëlleg opgeléist. Dat heescht fir si méi Suen an der Täsch, mä zwee Avantagë falen ewech. Zum engen de Sëtz an der Conférence de présidents, wou d’Piraten an d’ADR net méi stëmmberechtegt sinn, an de Sëtz als volle Member an der Geheimdéngscht-Kommissioun.

Opléisung Groupe technique Piraten/ADR / Rep. N. Gautier

Elo hätt ee beim Festleeë vum Ordre du Jour a vun de Riedenzäiten an der Presidentekonferenz keen Drockmëttel méi. Et sëtzt ee just nach als Observateur do. Ganz vill wäert sech awer net fir d’ADR an d’Piraten op deem Punkt (Riedenzäiten) änneren, seet de Sven Clement vun de Piraten.

Sven Clement: Am niddregste Modell kréie mir méi Zäit bäi, an de ganz grousse Modeller, verléiere mir bëssen Zäit. An der Balance: mir hunn ëmmer gesot, de Groupe technique war fir eis och e Moyen méi Riedenzäit ze hunn, bei de mëttlere Modeller, well et net zwee Drëttel an een Drëttel gedeelt gouf, mä an der Mëtt.

Datt just Fraktiounen an der Presidentekonferenz fir den Ordre du Jour stëmmberechtegt sinn, ass historesch bedéngt. Déi gréisste Fraktiounen hätten dat esou an der Vergaangenheet festgeluecht, erkläert de Gast Giberyen vun der ADR. Ma wéi d’Situatioun sech elo presentéiert, hunn 8 Deputéiert keng Stëmm well se net an enger Fraktioun sëtzen, obwuel se zu 60 um Krautmaart sëtzen.

Gast Giberyen: Et gëtt kee Land an Europa, mir hunn dat kontrolléiert, wou een esou een héije Prozentsaz 5 vu 60 Deputéiert, dat sinn 8,3 Prozent, déi ee muss hunn, fir eng Fraktioun ze ginn. An all deenen anere Länner ass dat héchst, wat mir fonnt hunn 5 Prozent. Hei zu Lëtzebuerg ass d'Lat esou héich geluecht. An un déi Fraktioun hu se dann dat och als Konditioun geholl, fir stëmmberechtegt an der Presidentekonferenz ze sinn. Dat ass eng ondemokratesch Situatioun.

D’Pirate fuerdere schonn eng Fraktioun, wann eng Partei 2 Parlamentarier um Krautmaart sëtzen huet.

Och bei engem Amendement zu engem Gesetz kann ee réischt vu 5 Deputéierten un een deposéieren. Do gëtt et eng informell Ofsprooch ënnert de Sensibilitéiten, datt ee sech zesummendeet fir den Depot. Och wann herno den Texte vun der anerer Sensibilitéit net matgestëmmt gëtt.

E weider Bemol fir de Sven Clement ass de Sëtz an der Geheimdéngschtkommissioun, deen een elo duerch d’Opléise vum Groupe technique verluer huet.

Sven Clement: Ech denken, datt mir an dëser Legislatur wäerten eng Reform vum Gesetz an deem Punkt wäerte proposéieren, als proposition de Loi. Mir bleiwen un deem Thema drun.

Duerch d‘Neireegelung gëtt et wéi gesot ee finanzielle Virdeel. D’Opdeelung vun engem Poste vum Grad 18, gouf nämlech nei berechent. De Montant beleeft sech op ronn 9.000 Euro de Mount.

Gast Giberyen: An zwar am Verhältnis. Dat heescht mir hu 4 Deputéiert, mir kréien 80 Prozent vum Posten. D'Piraten hunn zwee, si kréien also 40 Prozent vun deem Posten. An eng Fraktioun, déi mindestens 5 Parlamentarier huet, kréien 100 Prozent.

Mat der Neiopdeelung bleiwen ënnert dem Stréch méi Suen iwwreg, déi an d’Salairë fléissen.

Apropos Suen. Wéi d’ADR an d’Piraten ee Groupe technique forméiert haten, krut de Gast Giberyen eng Indemnitéit, déi all Fraktiounspresident kritt. Wann de Sven Clement an enger zweeter Phas de Groupe technique geleet hätt, hätt hien déi Frais de représentation och kritt. Suen, déi elo ewechfalen.

Back to Top
CIM LOGO