
Um Pic vun den Infektioune ware 50 Leit op der Intensivstatioun, ëm 200 Patiente waren hospitaliséiert. Den Ament sinn et der 21 an 3 op der Intensivstatioun. Dat ass vergläichbar mam leschte Summer, woubäi et do jo awer keng Impfung gouf. Wéi ass dat ze erklären? A wéi eng Léiere si bis ewell gezu ginn?
D'Zuel vun de Patienten op der Intensivstatioun ass vergläichbar mam leschte Joer, ma déi normal Hospitalisatioune sinn awer méi niddreg, dat ëm ronn 10 bis 15 Leit, wann een déi eenzel Deeg matenee vergläicht. Dës Entwécklung huet een och an de Spideeler bemierkt. D'lescht Joer ware ronn 10% vun den hospitaliséierte Leit op der Reha. Deen Undeel huet awer elo däitlech zougeholl. Den Dr. Bernd Schmitz, medizineschen Direkter vum Pôle Patients Critiques am CHL.
"Insgesamt si manner Patienten hospitaliséiert, awer vun deenen, déi hospitaliséiert sinn, sinn der méi op der Reha, sou dass mer do zum Deel bis zu 40/45 Prozent vun de Patienten, déi mir hospitaliséiert haten, op der Reanimatioun waren. Mir haten op der Reanimatioun an de leschten zwee Méint bal ausschliisslech net geimpfte Patienten ze versuergen. Nëmmen zwee ware geimpft, dat waren letztendlech och zwee besonnesch Fäll."
Well opgrond vu Virerkrankungen d'Impfung an dëse Fäll net dee gewënschten Effet konnt hunn, esou nach den Dr. Schmitz. Esou Fäll géing een allgemeng bei den Hospitalisatioune bemierken, net just op der Intensivstatioun. Den Dr. Schmitz ënnersträicht dann nach:
"Eng Impfung ass keen honnertprozentege Schutz. Eng Impfung seet net, wann ech geimpft sinn, da ka mir näischt méi geschéien an dass ech net krank ginn. Wat eng Impfung seet ass, dass een an engem Beräich vu 90-95 Prozent [ofhängeg vum jeeweilegen Impfstoff] e méi liichte Verlaf huet. Wat fir déi meeschte Patienten heescht, dass si net an esou e katastrophalen Zoustand kommen, dass si op der Intensivstatioun musse behandelt ginn. Oder virdru mussen hospitaliséiert ginn. Mee krank kann ee trotzdeem ginn."
Dass d'Zuelen dëse Summer trotz Impfung vergläichbar mam leschte Summer sinn, wier dem medezineschen Direkter vum Pôle Patients Critiques no mat der Delta Variant ze erklären, déi jo méi ustiechend ass.
Ausserdeem sinn och d'Kontakter tëscht de Leit duerch méi labber Mesuren an d'Luucht gaangen. Doduerch zirkuléiert de Virus dann och méi. Klëmmt d'Inzidenz, sollten dem Dr. Schmitz no dowéinst och d'Moossnamen adaptéiert ginn:
"Mir mussen d'Mesuren jo och dem Risiko, wéi et tatsächlech grad ass, upassen. An letztendlech op elo bei enger Veranstaltung de CovidCheck duergeet an dann ass alles gutt, dat mussen déi Responsabel natierlech entscheeden. Aus menger Siicht ass et awer esou, wann een e gewësse Mooss depasséiert, da sollten zousätzlech Mesuren trotzdeem nach gräifen."
En Vue vum Hierscht a Wanter wier een am CHL gutt opgestallt. Mëttlerweil kéint ee séier reagéieren, wa nees méi Leit am Spidol mussen traitéiert ginn an dat betrëfft net just d'Covid-Patienten. Trotzdeem wier Virsiicht gebueden, well am Wanter d'Spideeler och wa keng Pandemie ass, méi belaascht sinn, wéi am Summer.
"Also ech perséinlech sinn net der Meenung, dass een alles op d'Impfcampagne kann drécken an dass een da seet 'ech si geimpft an elo geschitt mir näischt méi'. Ech mengen, dass all déi aner Mesuren, déi mer elo déi lescht 16/17 Méint gemaach hunn, wéi Ofstand halen, Hänn wäschen, Mask undoen an sou weider, natierlech och weider ubruecht sinn an déi wäerten eis och hëllefen."
D'Inzidenz seet net alles aus, ma se wier awer en Indikator, nach ier eng Hausse vun den Hospitalisatioune kënnt, sou den Dokter Schmitz. An deem Sënn kéinten dann och d'Mesuren ugepasst ginn.