
Fir d’Rentabilitéit vun de Betriber z’ënnerstëtzen, ginn eng oder zwou Indextranchë verréckelt. Fir de Verloscht u Kafkraaft bei de Leit ze begrenzen, ginn et Kompensatiounsmesuren ënnert der Form vu Steierkreditter an de Sprit gëtt véier Méint laang ëm 7,5 Cent de Liter erofgesat.
Wat ass awer mat Mesurë fir méi spuersam ze sinn? Am sougenannten “Solidaritéitspak” vun der Tripartite ginn et puer Ännerunge bei eenzele Mesurë fir d’energetesch Transitioun. Den Appell un den Eenzelen oder un d’Allgemengheet fir bësse méi lues ze maache mam Konsum, deen ass bis elo zimmlech ënnergaangen.
Wéinst der Attack vu Russland op d’Ukrain huet d’Europäesch Unioun schonn eng Rei Sanktioune géint Moskau verhaangen, mee en Importstopp vu russeschem Gas huet bis ewell just Litauen duerchgezunn. D’EU ass einfach ze ofhängeg vu Russland: Dem Eurostat no huet d’EU am Joer 2019 ronn 27% vu sengem Pëtrol aus Russland importéiert. Bei der Kuel an aneren zolitte Brennstoffer waren et 47% a beim Gas 41%. Méi vu fossil op elektresch switchen, ass och net sou evident, well de gréissten Deel vum Stroum mat fossiller Energie generéiert gëtt. De Stroumverbrauch ass elo och nees iwwert dem Niveau vu virun der Pandemie.
D’EU-Staate probéieren iwwer verschidde Weeër onofhängeg ze ginn. Dat iwwer alternativ Zouliwwerer. D’USA hu jo schonn annoncéiert, Europa méi Gas ze liwweren – natierlech net gratis. Aner Länner hëllefen andeems se d’Produktioun eropfueren, respektiv Stocken ofbauen - Opec-Länner wéi Saudiarabien maachen dat net. Da wëll d’EU natierlech d’Transitioun op erneierbar Energië verstäerken, souguer mat der Ënnerstëtzung vun Atom. Mee dat gëtt zanter Joerzéngte scho gemaach an awer war an ass d’EU bennzeg op russesch Energie bliwwen.
Eigentlech misst d’Politik spéitstens elo opruffen, méi spuersam ze gi mam Energieverbrauch. Vläicht gouf dat nach net gemaach, well et net populär ass, well den Effort als ongläich verdeelt empfonnt gëtt oder well dat a verschiddene Secteuren net vun haut op muer geet. Kuerzfristeg ass et mol, well elo méi waarm Méint kommen, wou allgemeng manner Hëtzes gebraucht gëtt.
Ausser et geschitt e Wonner, riskéiert d’Energiekris den nächsten Hierscht nach ëmmer akut ze sinn. Wéi et heescht, plangt den Energieministère eng Campagne mat nëtzlechen Tipps. Mee firwat net elo scho méi spuersam sinn? D’International Energieagence – an där och Lëtzebuerg Member ass - huet de leschte Mount scho mol en 10-Punkte-Plang guttgeheescht, wou d’Länner gerode kréien zum Beispill d’maximal Vitess op den Autobunnen ëm 10 Km/h erofzesetzen oder nees méi vun doheem aus ze schaffen, wann et méiglech ass. Déi aner gewinnten nohalteg Reflexer bleiwe gutt, wéi d’Heizung op e minimum reduzéieren zum Beispill. Net just wéinst der Energiekris, mee och wéinst der Klimakris.
Mat méi Effizienz eleng ass et awer bis elo net duergaangen, fir de Verbrauch ze reduzéieren. Spuersam sinn oder de Rimm méi enk maachen, dat ass dann och net just onpopulär, mee och dacks schlecht fir de Wuesstem, vun deem, deen den aktuelle Wirtschafts- a Sozialmodell ofhänkt. D’Luttë ginn net muer aus, mee d’Fro ass, ob se eng Kéier ausginn a wann dat de Fall gëtt, ob een da gutt drop virbereet war.