Zënter e puer Joer lieft d’Koppel an hirem Appartement zu Esch. Fir si war kloer, dass si net fir ëmmer hei liewe wëllen. Si wënsche sech en Haus mat Gaart, wou d’Koppel hiert Liewen zesumme verbrénge wëll. Viru ronn zwee Joer dunn hu si entscheet, en Haus ze bauen an enger roueger Gemeng. Eng Investitioun an d’Zukunft, déi deen Ament finanziell machbar schéngt.
Dass d’Situatioun eng drastesch Wendung hëlt, domat hate si net gerechent. D’Europäesch Zentralbank setzt de Leetzëns an d’Luucht, fir géint d’Inflatioun virzegoen. Doduerch ginn d’Zënsen op de Prêten och zu Lëtzebuerg staark an d’Luucht. Wien e Prêt mat engem fixen Zëns-Taux huet, war heivun net esou betraff. Ma déi Leit, déi e Prêt mat engem variabelen Taux hunn, sinn hei gutt un d’Schweesse komm.
Dobäi kënnt dann d’Logementskris, d’Inflatioun an duerch déi héich Zënse kréien ëmmer manner Leit e Prêt vun der Bank. Dat huet dozou gefouert, dass déi lescht Trimestere vill manner Kaf gouf an d’Nofro an der Locatioun däitlech geklommen ass.
Am Kloertext: D’Koppel kritt hiert Appartement zu Esch net verkaf, respektiv net fir dee Präis verkaf, wou ee geduecht hat, well manner Interessenten a Fro kommen.
Doduerch huet d’Koppel en Appartement weiderzebezuelen, hiert neit Haus ze bezuelen an dobäi nach extrem héich Zënsen op hire Prêten. Uganks huet de Prêt vum Appartement ronn 1.200 Euro kascht. Hei hat d’Bank der Koppel geroden e variabelen Taux ze huelen, well si net laang wollten hei wunne bleiwen an esou keng Strof misste bezuelen, wa si de Recht op ee Coup zeréckbezuelen. Duerch de variabelen Taux huet de Prêt vum Appartement sech elo quasi verduebelt op ronn 2.300 Euro de Mount.
Wat d’Haus betrëfft, sou sollte si eigentlech ënner 4.000 Euro de Mount bleiwen. Zwee Drëttel vum Prêt sinn op Taux fix an een Drëttel op Taux variabel. Zënter dësem Juni bezilt d’Koppel elo de Prêt vum Haus of. Den Ament leie si duerch de variabelen Taux bei engem Montant vu 5.500 Euro de Mount, déi si mussen zeréckbezuelen.
De Prêt vum Haus zesumme mam Prêt vum Appartement, domat läit d’Koppel da scho bei Depensë vu bal 8.000 Euro. De Prêt vum Appartement hu si den Ament fir 6 Méint gestoppt, well si déi 8.000 Euro finanziell net kënnen droen. Wa si a 6 Méint d’Appartement net verkaf hunn, wéisste si net wierklech weider.
Dobäi kënnt, dass de Max Staus a seng Partnerin e Crédit-relais ugefrot hunn. Wa si dëse bis notzen, da kommen nach eng Kéier ronn 1.000 Euro de Mount dobäi. Eng Situatioun, déi d’Koppel zum Verzweiwele bréngt.
Wann e Proprietär en neit Appartement oder en Haus kafe wëll, ouni dass e scho säin eegene Bien verkaf huet, besëtzt een eventuell net déi finanziell Mëttelen, dat neit Logement ze bezuelen. Mat engem Iwwerbréckungskredit, also dem Crédit-relais, kann ee vun der Bank Sue souzesoe virgestreckt kréien, déi een duerno duerch de Verkaf vum fréiere Bien rëm erakritt.
Den Iwwerbréckungskredit erméiglecht et, séier op eng Offer um Marché ze reagéieren a leeft an der Reegel tëscht engem an zwee Joer. De Prêt gëtt op de geschate Verkafswäert vum fréiere Bien berechent.