De Staatslabo huet an engem Communiqué präziséiert, datt et sech hei ëm ee Lëtzebuerger Staatsbierger handelt, deen zu Bréissel studéiert a kee Kontakt mat Residenten hei am Land hat. Omikron suergt fir vill Veronsécherung. An enger Experteronn vum Science Media Center goufen déi rezent Resultater thematiséiert, datt bei dëser Variant an der Kultur d’Vire mat Antikierper aus dem Blutt manner gutt neutraliséiert ginn.
De Vaccinolog Prof. Dr. Florian Krammer: “Omikron ass eng staark verännerte Variant, wann et ëm d’Neutralisatioun geet. Eist Immunsystem muss dofir op säi Sécherheetsnetz zréckgräifen. Wéi zum Beispill d’T-Zellen.”
T-Zelle reagéiere onofhängeg vun de Mutatiounen um Spikeprotein. Dofir ginn d’Experten dovun aus, datt d’Impfung nach géint schwéier Verleef protegéiert. Eng drëtt Impfung géif insgesamt d’Protektioun an d’Luucht setzen.
Ob d’Impfstoffer mussen ugepasst ginn, kéint een haut net definitiv soen. Fir de Vaccinolog Florian Krammer missten d’Pharmaentreprisen elo schonn de Vaccin upassen, datt fir de Fall, wou e gebraucht gëtt, séier disponibel wier. D’Experte ware sech an der Ronn eens, datt elo esou séier wéi méiglech déi Leit misste geimpft ginn, déi nach guer net geimpft sinn.
D’Prof. Dr. Annelies Wilder-Smith, Professorin fir Infektiounskrankheeten zu London: “Et gëtt Leit, déi wëllen hiren Aarm net ginn. Et ass elo méi einfach Persounen eng 3. Dosis ze ginn, u Leit déi schonn eng oder zwou Dosisse kruten, wéi Leit eng éischte Kéier ze impfen. Mir hunn an Europa versot.”
Géif ee sech zum Beispill Brasilien ukucken, do wier den Impftaux méi héich wéi an der Moyenne an Europa. 7,6 Milliarden Impfdosisse goufen op der ganzer Welt verdeelt. 54 Prozent vun der Weltpopulatioun kruten op d’mannst eng Dosis. A ville Regioune vun der Welt si kaum Mënsche geimpft. Dat wier ee Problem fir déi ganz Welt. Wat de Virus méi zirkuléiert, wat e sech méi ka veränneren, esou de Florian Krammer. Et wier ee Spill op Zäit. Wat méi séier geimpft géif ginn, wat ee global d’Situatioun besser ënner Kontroll kritt.
E Commentaire zu deem Thema fannt Dir hei.
