Bannent kuerzer Zäit hu sech vill Acteuren zesummefonnt, fir gemeinsam den Defis unzegoen. Politik, ëffentlech Fuerschung a privat Acteure sollen och an Zukunft enk zesummeschaffen an de Gesondheetstechnologien. Duerch eng enk Kooperatioun soll um Enn virun allem de Patient dovu profitéieren.
Duerch nei Technologien ass och de Gesondheetssystem am Wandel. Digital Plattforme sollen et Medezinner a Patienten erméiglechen, d’Therapien unzepassen an ze verbesseren. E Wandel, dee vum Lëtzebuerger Fuerschungsstanduert begleet gëtt. An de Gesondheetswëssenschaften huet sech de Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet LIH en Numm an Europa an doriwwer eraus gemaach. Net nëmmen Aarbechtsplaze kënnen am Secteur entstoen, ma och en Impakt op d’Lëtzebuerger Ekonomie ass z’erwaarden. Duerch eng méi personaliséiert Medezin ka laangfristeg gesinn och de Gesondheetssystem entlaascht ginn.
An engem Pilotprojet vun der CNS soll gekuckt ginn, wéi een Impakt eng Gesondheets-App op de Krankheetsverlaf kann hunn. Et géife nach verschidden Iwwerleeunge gemaach ginn, et kéint allerdéngs an d’Richtung vun der Parkinson-Fuerschung goen, esou de President vun der Gesondheetskeess CNS, Christian Oberlé.