WantersaisonWéi eng Coronamesurë gëllen an de verschiddene Schigebidder?

Diana Hoffmann
Onbeschwéiert an d’Schivakanz fueren, Schnéi vu gëschter. Schonns zanter enger Zäit weess een net méi, wou genau elo wéi eng Covid-Bestëmmunge gëllen.
© AFP

2G, 3G an dann heescht et bemol, datt geimpft net méi onbedéngt heescht, e valabelen Impf-Certificat ze hunn.

Wéi gesäit et dann den Ament an de Regiounen aus, an deenen d'Lëtzebuerger gär an d'Schivakanz fueren? Wou gëlle wéi eng Covid-Bestëmmungen?

A ville vun de Länner, also a Frankräich, Däitschland oder an der Schwäiz gëllt eng 3G-Reegelung. Also wie geimpft, geheelt oder getest ass, kënnt do iwwerall duerch. Ma och an Éisträich gëtt et, op d'mannst fir Lei, déi geimpft sinn, keng gréisser Contrainten. Hei gëllt nämlech eng 2G-Reegel. Et muss een also geimpft oder geheelt sinn, fir iergendwou eranzegoen. En Antigen-Schnelltest oder PCR-Test gëllt hei net méi. Bei wiem d’Covid-Impfung awer e bëssi méi laang hier ass, dee muss nach eng Kéier méi genau a säin Impfpass kucken. Vum 6. Dezember u gëllen nämlech just nach Impf-Certificaten, déi net méi wéi 9 Méint al sinn. Eventuell musse verschidde Leit sech also ëm eng Booster-Impfung beméien, fir kënnen onbeschwéiert an Éisträich Vakanz ze maachen.

Fir vill Leit gehéiert jo an der Schivakanz och den Après-Ski einfach dozou. Wéi wëll een awer elo assuréieren, datt sech keng Corona-Hotspots an deem fiicht-kale Klima vun Après-Ski-Hütten entwéckelt?

An den Après-Ski-Hütte gëllen net iwwerraschend déi selwecht Reegele wéi och fir an eng Bar oder e Restaurant eranzegoen. Ma fir verschidde Schigebidder gëlle separat Reegelen. An Éisträich gëllt hei zum Beispill schonns eng 2G-Reegel.

Leit, déi awer op esou e Risikofacteur beim Après-Ski wëlle verzichten a souwisou léiwer an de Wantersport ginn, fir d’Natur ze genéissen, sinn awer op d’Schilifter ugewisen. Wéi gesäit et do aus mat de Restriktiounen?

Eleng an der Kabinn wäert een net sinn. Mee op ville Plaze wäerten d’Kabinnen net voll ausgelaascht ginn. An e puer Schigebidder ass vun enger 80-Prozent-Auslaaschtung rieds an anere vun 2/3. An Éisträich ass da wéi gesot och den 2G fir an d'Seelbunn Flicht. Obwuel an Däitschland den Ament nach eng 3G gëllt, ass a verschidde Schigebidder och schonn eng 2G-Reegelung a Kraaft oder souguer eng 2G plus. Bedeit, datt dann e Geimpften oder Geheelten och en negativen Test muss virweisen. An deene meeschte Schigebidder muss dann eng Mask an engem zouene Schilift ugedoe ginn. Heiansdo souguer eng FFP2-Mask. Eng Garantie, datt a Frankräich jiddereen an der Kabinn e Covid-Check huet, gëtt et do awer net. An Italien gëllt dogéint Majoritär 3G fir eng Faart mam Lift.

Wie sech Suerge mécht, soll sech iwwer d’Schutzkonzept vum jeeweilege Schigebitt informéieren. Upassunge vun de Mesurë ginn op ville Plaze jee no Inzidenzwäert gemaach.

Divers Astufunge vu Länner als Héichrisikogebitt, wéi dat grad Däitschland mat Éisträich gemaach huet, wäert sou munche Wantersportler veronsécheren. Kann een eng Vakanz dowéinst stornéieren?

Nee, e Recht op eng gratis Stornéiere gëtt et net. Eng Ausnam ass, wann an den allgemenge Geschäftsbedingunge vum Hotel eppes anescht virgesinn ass. Zum Beispill, datt e Recht besteet, kuerzfristeg ze stornéieren. Just am Fall, wou Éisträich am ganze Land en offiziellt Verbuet géing ausschwätzen, datt Gäscht empfaange kënne ginn. Falls eng Quarantänflicht agefouert gëtt, gëllt dat nees net als Excuse, fir gratis ze stornéieren.

Back to Top
CIM LOGO