Et gouf awer Villes gemaach, fir déi Jonk mat oder ouni Ofschloss opzefänken a se besser ze begleeden op hirem Wee an d’Beruffswelt.
Dozou zielen Upcycling-Atelieren, déi de Service National de la Jeuness iwwer hir "Antenne locale pour jeunes" bedreift. An de leschte 6 Joer kënnen hei Jonker, déi an enger Transitiounsphas sinn, handwierklech aktiv ginn. Déi Concernéiert kruten zum Beispill keng Studie-Plaz oder Léier oder sinn aus anere Grënn aus dem Circuit eraus a sinn ouni Ofschloss an ouni Aarbecht doheem. Esou kréie se erëm lues a lues eng Routine an e gereegelten Alldag. Keng strikt Auerzäiten, keng obligatoresch Präsens, dofir vill Kreativitéit an Teamwork mat Handwierker an Educateuren, dat bréngt vill positiv Resultater. Vill fannen de Wee dono an e Beruff oder zréck an d Schoul.
De Jugendchômage geet zréck. Hunn ugangs 2017 nach 3.809 Jonker eng Aarbecht gesicht, sou waren et der den 31.8.2019 nach 2.932. Grond ass ënnert anerem eng gutt Konjunktur vum Aarbechtsmarché, awer wuel och d’Reformen, déi d’Adem am Kader vun der Jugendgarantie ëmgesat huet.
Zu hire Programmer, déi haut ganz positiv Resultater weisen, ass zum Beispill den "Jobelo", an deem schonn 1.067 Jonker Formatiounen ugefaangen hunn. Den "Jobelo" bitt d'Méiglechkeet, sech onqualifizéiert bei engem Patron ze beweisen an um Enn qualifizéiert ze ginn, also opsteigen ze kënnen.
Am Juli koumen elo nei d‘Formatioune bäi, dat ënnert dem Numm #YouthyourFuture. Un dësen hunn elo schonn iwwer 90 Jonker deelgeholl. Eng Mesure, déi virun allem geschaaft gouf fir jonk Demandeurs d‘emploi, fir déi de Projet professionell net kloer ass, egal aus wéi engem Parcours se kommen. Dëse gëtt nei definéiert, forméiert gëtt individuell an am Grupp, vu Softskills bis Cybersecurity, awer och Coaching fir Motivatioun a Selbstvertrauen. Well och doru soll et ville Jonke feelen. Dëst gëllt fir Décrocheuren aus dem Lycée, wéi och Jonke mat engem Superieur Diplom. Dëst ass iwwregens déi Grupp vu Jonken ënner 30, déi eng Aarbecht sichen a wou an de leschte Joren d’Zuelen erëm an d'Luucht ginn. Ma och déi wëllen d’Adem an den SNJ an Zukunft besser opfänken. Dofir musse sech déi Betraffen awer och bei hinne mellen.