Analys vu Votum KlimaWéi eng Parteie fir de Biodiversitéits- a Klimaschutz stinn

Diana Hoffmann
Fir déi drëtt Kéier huet Votum Klima - en Zesummeschloss vu 14 Associatiounen - d’Walprogrammer op de Leescht geholl.
Analys vu Votum Klima
Fir déi drëtt Kéier huet Votum Klima - en Zesummeschloss vu 14 Associatiounen- d’Walprogrammer op de Leescht geholl.

Analys vu Votum Klima / Reportage Diana Hoffmann

Votum Klima bedauert, dass sech d’Urgence vum Klimawandel net géing staark genuch an de Walprogrammer erëmfannen. De Kollektiv huet 18 Revendicatioune formuléiert, déi se un d’Parteie geriicht hunn. Déi Meescht dovunner hätt een dann och an de Programmen erëmfonnt, sot d’Magalie Paulus vu Votum Klima.

Dräi Haaptpunkte vun de Revendicatioune waren eng ambitiéis a gerecht Transitioun fir d’Land, Responsabilitéiten iwwert d’Grenz vum Land eraus an eng sozial Transitioun, vun där jidderee profitéiert. Dono gouf analyséiert a wéi enge Parteiprogrammer dës Punkten erfëllt sinn.

Och wann déi meescht Theme géingen ugeschnidde ginn, géing et un Ambitioun an Detailer feelen, ass de Constat. “Alles wat baussent Lëtzebuerg ass, fënnt net statt”, sou de Cedric Reichel, deen hei d’Verantwortung vu Lëtzebuerg duerch säi Finanzsecteur nennt, oder d’Liwwerketten, déi net wierklech géingen ugeschwat ginn.

Resultat vun der Analys vu Votum Klima ass, dass Déi Gréng, Déi Lénk an d’LSAP eng gutt Nott ausgestallt kruten. Iwwert d’Hallschent vun de Revendicatioune fanne sech an de jeeweilege Programmer erëm. Dono kommen dann d’DP, Volt, d’Piraten an d’KPL, mat 26 bis 50 Prozent. Suivéiert vun der CSV, Fokus an der ADR. Schlussliicht maache Liberté an déi Konservativ.

En hätt bei der Analys gemierkt, dass d’Quantitéit vum Walprogramm näischt géing iwwer d’Qualitéit aussoen, huet de Cedric Reichel ënnerstrach. A verschidde Programmer géinge sech zum Beispill gutt Punkten erëmfannen, mee et géing zum Beispill un enger Prioriséierung an domat och dacks un enger Visioun feelen. Et wier nach vill “Wischi-Waschi” a wéineg Konkretes. Eis Liewensaartaweis géing zum Beispill net a Fro gestallt ginn, wat dorunner kéint leien, dass een Angscht vun der Gonscht vum Wieler kéint hunn, huet d’Magalie Paulus gemengt.

Wichteg war et deene Responsabelen awer ze betounen, dass et sech géing ëm eng Analys handelen an net ëm eng Walempfeelung. Domat wëllt een de Wieler hëllefen, en Iwwerbléck ze kréie bei der Thematik vum Klima- a Biodiversitéitsschutz. An et wéilt een och d’Parteie sensibiliséieren, dass se iwwer bestëmmte Sujeten nodenken. “Et gi Parteien, déi de Klimaschutz fir de Walkampf nei entdeckt hunn”, freet sech de Cedric Reichel. Aner Parteie géinge sech natierlech schonn zanter Joren domat beschäftegen.

Back to Top
CIM LOGO