BrexitWéi geet et fir d'Britten zu Lëtzebuerg virun?

RTL Lëtzebuerg
D'Iwwergangsphas vum Brexit ass geschwënn eriwwer, et kommen eng Partie Ännerungen op eis zou.
Brexit: Wéi geet et fir d'Britten zu Lëtzebuerg virun?
D’Iwwergangsphas vum Brexit ass geschwënn eriwwer, et kommen eng Partie Ännerungen op eis zou.

D’brittesch Ambassaden a ganz Europa hu Recommandatioune matgedeelt, fir dass Leit mat der brittescher Nationalitéit ouni Problem an hirer Wal-Heemecht weider kënne liewen. Esou och zu Lëtzebuerg.
Zanter dem 31. Januar 2020 ass den Austrëtt vun de Britten aus der EU offiziell. Momentan befanne mir eis awer nach an enger Iwwergangsphas, déi eréischt Enn Dezember ausleeft. Da gëlle fir d’Britten, déi an der EU liewen, nei Reegelen. Esou och fir déi brittesch Matbierger zu Lëtzebuerg.

If you are a British national who doesn’t have another EU-nationality and if you are here on a carte de séjour as oppose to a carte de légitimation then you’ll need to apply for a new residence cart.”, esou den John Marshall vun der brittescher Ambassade zu Lëtzebuerg.

Dobäi recommandéiert d’Ambassade de betraffene Leit, och e lëtzebuergesche Führerschäin unzefroen a sech bei der CNS unzemellen. Et soll een och drun denken, säi Pass ze erneieren.

Et ginn awer och eng Partie Britten zu Lëtzebuerg, déi sech elo fir eng Duebelnationalitéit entscheet hunn.

In the 4 years since the referendum took place there have been around 1500 British nationals who successfully applied for Luxemburgish citizenship.”, esou nach den John Marshall.

Mir hunn een Englänner getraff, dee virun 2 Joer decidéiert huet, eng Duebelnationalitéit unzehuelen.

Comme j’habite au Luxembourg depuis longtemps maintenant, bien sûr je voulais prendre la nationalité, mais c’est le Brexit qui m’a vraiment poussé à le faire.”, erkläert den Adam Walder, e Britt, dee schonns 15 Joer laang am Grand-Duché wunnt.

Och wann hie vun de neie Reglementer duerch seng Duebelnationalitéit net direkt betraff ass, mécht hie sech awer Suergen, wéi et weidergeet. Et wier komesch, dass legal Pabeiere vun engem Dag op deen aneren net méi an der Rei sinn.

Tout vas basculer. Tous les papiers sont en ordre jusque-là et après tout change. Et la chose la plus importante c’est quand ne sais toujours pas ce qui va se passer.”, esou den Adam Walder nach.

De britteschen Ambassadeur huet awer kloergemaach, dass Britten ouni Problem kënne weider zu Lëtzebuerg bleiwen, wa se déi puer Recommandatiounen erfëllen an och kéinte si zu all Zäitpunkt zeréck an England reesen.

PDF: Weider Informatioune vun der Brittescher Ambassade

Back to Top
CIM LOGO