
Wat geschitt elo mam Steve Duarte, deem Mann vu Meespelt mat portugiseschen Originnen, dee fir d'Terrormiliz Islamesche Staat aktiv soll gewiescht sinn. Dee Mann sëtzt den Ament an engem Gefaangenelager a Syrien.
Wat elo? wollt den CSV-Deputéierten Laurent Mosar vum Justizminister a vum Ausseminister wëssen.
Déi erënneren un d’Gewaltentrennung Et wier an deem Sënn net un der Regierung, fir iwwert een internationalen Haftuerder ze decidéieren. Dat wier d’Saach vum Parquet.
An engems gëtt drun erënnert, dass den Ausseminister schonn am Mäerz präziséiert hat, dass een Dschihadist, deen zeréck an d’Land kënnt a bekannt ass, vun den Autoritéiten am Aen gehalen an, wann néideg, poursuivéiert gëtt.