Lëtzebuerger WalsystemWéi géing d'Chamber mat engem eenzege Bezierk ausgesinn? 2 Experten, 2 Meenungen

Fanny Kinsch
Um Dënschdeg gëtt déi nei Chamber vereedegt mat 21 Deputéiert vun der CSV, 14 vun der DP, 11 vun der LSAP, 5 vun der ADR, 4 Gréngen, 3 Piraten an 2 Lénken.
Wéi géing d'Chamber mat engem eenzege Bezierk ausgesinn?
RTL huet mat 2 Fuerscher geschwat, déi sech doriwwer Gedanke gemaach hunn.

Mee passt d’Gréisst vum Parlament mat 60 Sëtz op d’Gréisst vum Land? A wéi géif d’Chamber mat engem anere Walsystem ausgesinn? D’Fanny Kinsch huet mat 2 Fuerscher geschwat, déi sech doriwwer Gedanke gemaach hunn.

Zu Lëtzebuerg vertrëtt een Deputéierte knapp 4.780 Wieler, respektiv eng 11.000 Awunner. Domat kommen zwar op een Deputéierte bedeitend manner Leit wéi an Däitschland oder Frankräich. Et wier awer och besser wann a klenge Länner verhältnisméisseg méi Vertrieder an d’Chamber gewielt ginn, fir ze verhënneren, datt e klenge Grupp vu Leit ënnert sech decidéiert.

Nicolas Klein / Economie-Professer zu Montreal a Paräis: “Also fir e Land mat enger Populatioun vun ongeféier 660.000 ass e Parlament vun enger Gréisst vun 60, oder ongeféier 60, zimmlech, wat uechter d’Welt gängeg Praxis ass an net-autokratesche Regimmer.”

Enger Etüd vum Nicolas Klein no justifiéiert de Populatiounswuesstem op där anerer Säit awer och keng Vergréisserung vun der Chamber. Wat de Walsystem ugeet, huet den Nicolas Klein eng perséinlech Präferenz fir en eenzege Walbezierk.
“Wa mer en eenzege Walbezierk hätten, da wär d’Proportionalitéit vun der Representatioun an der Chamber zur Verdeelung vun de partisane Preferenzen an der Populatioun méi garantéiert.”

Ganz anerer Meenung ass dëse Fuerscher – fir den Henri Schmit iwwerweien d’Nodeeler.

Henri Schmit / Auteur “Comment réformer le système électoral ?”: “Esou e Walsystem géif d’Chamber ganz staark fragmentéieren a kleng, a vill Splitterparteien a par conséquent d’Koalitioun no méi schwéier maachen. Dat gesäit sech gerecht un, mee ass awer eng Illusioun.”

Eng Reform wier awer néideg: D’Sëtzverdeelung misst un d’Zuel vu Wieler an net Awunner ugepasst ginn an et misste méi Bezierker ginn. Senge Berechnungen no hätt eng nei Kalibréierung vun de Bezierker an och d’Aféiere vun 3 neie Bezierker kee groussen Afloss op d’Walresultat. Ausser fir déi Lénk, déi keng Sëtz méi géinge kréien, an déi sech senger Meenung no da misste mat zum Beispill der LSAP zesummen doen. “A jiddwerengem vun deene 7 Walbezierker, eng Plaz fir ee vun de Lénken virzegesinn. An da géingen d’Wieler decidéieren, wou ee vun der LSAP a wou ee vun deene Lénke géing an d’Chamber kommen.”

De Berechnunge vum Fuerscher no hätt bei engem eenzege Walbezierk iwwregens och Fokus e Sëtz an der Chamber kritt, CSV an DP géinge Sëtz verléieren.

Back to Top
CIM LOGO