AarbechtsweltWéi gesinn d'Beruffer vun der Zukunft aus?

RTL Lëtzebuerg
D'Digitaliséierung, wéi och d'energeetesch Transitioun wäerten an Zukunft dofir suergen, dass verschidde Beruffsbiller verschwannen, mä och neier entstinn.
© dpa/dpa/picture-alliance/Sebastian Kahnert

Net nëmmen den technologesche Fortschrëtt, deen eis d’Liewe méi einfach maache soll, transforméiert d’Aarbechtswelt, ma och d’Zil, méi ekologesch ze produzéieren an ze liewen, bréngt Ännerungen am Beruff matsech. D’Konsequenz vun deem Ganzen ass awer, dass bestëmmte Beruffer mat der Zäit manner relevant wäerte sinn, oder villäicht souguer ganz verschwannen, op der anerer Säit awer och nei Beruffsbiller dobäi kommen. Sou zum Beispill am Handwierk, wou de Gilles Walers vun der Chambre des Métiers vill Potenzial fir d’Zukunft gesäit:

Dat si Beruffer, déi ginn zum Beispill influenzéiert duerch intelligence artificielle. Do wäerte mer zum Beispill am Beräich vun der Fotografie gesinn, dass sech ganz vill wäert änneren. Och d’Prozesser, déi ronderëm d’Handwierk sinn, déi digitaliséiert ginn, déi duerch d’Technologie beaflosst ginn, och déi wäerte sech lues a lues veränneren. De Beruff u sech wäert sech dann natierlech och veränneren.”

An och duerch déi energeetesch Transitioun wäerten nei Beruffer opkommen, besonnesch am Beräich vum Up- a Recycling, wat een den Ament schonn an der Moud ka gesinn, mä och an der Constructioun wéi eis de Gilles Walers weider erkläert huet:

Mir hunn och an der Constructioun e Phenomen, dee sech sécherlech an den nächste Jore wäert weider entwéckelen, dat ass de Réckbau, dat heescht, dass ee bestoend Materialien hëlt, dat ofbaut, recycléiert fir dann nei- oder ëmzebauen.”

Besonnesch fir déi Jonk, déi sech hautzedaags ëmmer méi fir Ëmwelt- a Klimaschutz asetzen, bitt dës Entwécklung mat Sécherheet interessant Perspektive fir d’Zukunft.

Zukunft vun eise Beruffer / Reportage Nicky Soisson

Back to Top
CIM LOGO