Debat an der ChamberWéi gëtt d'Lëtzebuerger Geschicht duergestallt?

Claudia Kollwelter
Dat war an der Chamber eng erweidert Fro vum ADR Deputéierten Fred Keup un d'Regierung. Konkret goung et ëm d'Publikatioun vun der Broschür "A Propos".

Eng Publikatioun vum Service fir Informatioun an d’Press vun der Regierung, déi zejoert vum Historiker Pit Péporté geschriwwe gouf. Den ADR-Deputéierten Fred Keup vermësst doran ënnert anerem grouss Nimm vun der Nationalgeschicht vu Lëtzebuerg, mä net nëmmen:

Wéi gëtt d’Lëtzebuerger Geschicht duergestallt? Reportage Claudia Kollwelter

“An der neier Broschür ginn zwee wichteg Evenementer vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich net ernimmt: d’Personenstandsaufname mam 3 Mol Lëtzebuerg vun 1941, an de Generalstreik vun 1942.”

Hie bedauert och, datt déi rezent Skandaler wéi d’Panama Papers a LuxLeaks an der Broschür ze fanne sinn - dat géif dem Image vum Land schueden. De Fred Keup wollt wëssen, ob d’Regierung net gedenke géif, d’Broschür ze iwwerschaffen. D’Äntwert vum Staatsminister Xavier Bettel war kloer:

“Et soll kee mech falsch verstoen, mä d’Missioun ass, engem Historiker déi Aarbecht ze ginn. Ech hale mech do eraus, an ech mengen, datt et och wichteg ass, datt kee Regierungsmember engem Historiker ze soen huet, wéi en déi Saachen ze gesinn huet”

Bei der Analys vun der Geschicht vum Land misst dem Xavier Bettel no nach laang net jiddereen déi nämmlecht Vue hunn an et kéint een och gär doriwwer diskutéieren, mä hie géif awer kengem Historiker soen, wat oder wéi en ze schreiwen huet.

Back to Top
CIM LOGO