Virop d’Prozeduren: Ween zu Lëtzebuerg e Biotop futtimaache wëll, brauch eng Autorisatioun vum Ëmweltministère. Dofir muss den Demandeur am Virfeld an engem Eko-Bilan dokumentéiere loossen, wéi eng Planzen an Aarte fort kéimen. Wéi grouss also den oekologesche Schued wier. Dee Schued gëtt an Eco-Punkten ausgedréckt. Opgrond heivunner gëtt d’Taxe berechent, déi fir d’Zerstéierung vum Biotop ufält. An iwwer déi Kompensatiounsmesure finanzéiert ginn.
Zum Beispill um Neihaff beim Stauséi
Net wäit ewech vum klenge Wee, den erof op Buerfelt féiert. Zanter 2 Joer ginn hei Kompensatiounsmesuren ënnerholl fir zerstéiert Biotopen aus der Regioun ze kompenséieren. 20 Hektar Land, gréisstendeels Wisen, stinn der Natur- a Bëschverwaltung heifir zur Verfügung. Wee scho mol hei war, wäert sech soen “déi Wisen gëtt et dach scho laang!” Richteg! Mee... dat wiere konventionell Weede gewiescht, déi konventionell bewirtschaft goufen. Erkläert de Frank WOLFF, Directeur adjoint vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF).
Heescht also hei koum iwwer vill Jore Dünger an den Asaz. Doduerch setzt sech di stäerkste Planzenzort duerch. Op Käschte vun der Biodiversitéit. Fir nees méi Aartevielfalt ze kréien, huet d’Natur- a Bëschverwaltung d’Wise frësch ubaue gelooss. Mat der Technik vun der Hee-Iwwerdroung. “Vu gudde Biotop Wisen huele mer Hee a mir bréngen dat heihinner. Virdru gëtt natierlech de Buedem virbereet, datt dat ukënnt. A mir hoffen iwwer dëse Wee, déi Aarten déi mer op der gudder Biotop-Fläch hunn, och hei kënnen etabléieren.” Seet de Marc SCHMIT, zoustänneg firs d’Kompensatiounsmesuren bei der ANF. Dernieft goufe Lëtzebuerger Hecken ugeplanzt, Beem an e Bongert mat villerlee verschiddenen alen lokalen Uebstzorten. Alles prezis dokumentéiert.
D’Gesetz schreift vir, dass op d'mannst equivalent muss kompenséiert ginn. Iwwer Monitoring gëtt kontrolléiert, wéi den neie Biotop sech entwéckelt. Wéi eng Päiperleken a Vullenzorten sech usidelen. An eventuell Upassunge gemaach. Et misst een dëse Projeten awer 5-10 Joer ginn bis se voll zum Droe kéimen.
5 Secteuren fir den ökologeschen Equiliber
Fir den ökologeschen Equiliber an enger Regioun ze erhalen, gouf eist Land a 5 Secteuren opgedeelt. E Biotop deen zerstéiert gouf, muss am selwechte Secteur kompenséiert ginn. Dës Plaze sinn op der Geoportail-Kaart vun de Kompensatiounsmesuren Orange markéiert.
D'Naturschutzgesetz vun 2018 schreift vir, datt den Equivalent vun engem zerstéierte Biotop bannent 7 Joer muss anzwousch anescht ugeluecht ginn. Den Ament hätt ee souguer Virlaf am kompenséieren, soen déi Responsabel vun der ANF. Allerdéngs wär et méi schwiereg Terrainen am Süden a ronderëm d'Stad ze fannen. Dofir wär een um Iwwerleeën fir eventuell och Terrainen iwwer Bail emphytéotique ze lounen.
“Green Economy” profitéiert och
D'Kompensatiounsmesure géifen net just hëllefen den ökologeschen Equiliber ze erhalen, mee géifen och d'Entwécklung vun der sougenannter "Green Economy" fërderen. Seet de Frank Wolff. Duerch den Eco-Punkte System an den Euro-Wäert deen drun hänkt, hätt d’Natur e Wäert kritt. Esou géif en Transfert gemaach ginn vu Suen vun deenen, déi zerstéieren bei Paysagisten, Gäertner, Forstbetriber an Entrepreneuren déi méi am Naturberäich schaffen.
Weider Explikatiounen iwwer d’Kompensatiounsmesurë fannt Dir hei.