IwwerschwemmungenWéi gouf d'Post vum Héichwaasser getraff?

Tim Morizet
D'Iwwerschwemmunge vu virun engem Mount hu grouss Deeler vum Land schwéier getraff.
Wéi gouf d'Post vum Héichwaasser getraff?
D'Iwwerschwemmunge vu virun engem Mount hu grouss Deeler vum Land schwéier getraff.

Vill Schued ass beim Bierger entstanen, mee och gréisser ëffentlech Infrastrukture goufe beschiedegt – méi Chance hat een do bei der Post. Hei hätt virun allem den Noutfall-Plang gespillt a sech bewäert.

Ewéi grouss Deeler vun Iechternach war och d'Post vum klammende Waasser betraff, dat sech séier e Wee gesicht a fonnt huet. Sief et duerch isoléiert Deckelen op der Strooss oder duerch d'Kellerfënster. D'Waasser stoung bis zur Hëft, geschitt ass awer näischt.

Hei an der Zentral selwer hate mer keng Schied, do si mer ausgerëscht fir esou Saachen. Mir kënnen de Waasserniveau déif halen, hunn e Noutstroumsystem a Glasfaserkabelen, déi quasi guer net empfindlech beim Kontakt mat Waasser sinn.“

Landeswäit ware 4 Mobil-Antenne vun am Ganze 500 ausgefall, dat, well keen elektresch do war. D'Couverture-Lächer awer goufe vun aneren Antennen opgefaangen. Wäit méi Problemer goufen et bei de private Clienten – 680 Depannagen a 5 Deeg goufe gezielt.

Dorënner déi meescht Leit, déi hir Stuff ënner Waasser haten, d'Fritz-Box ënner Waasser haten oder hire Keller mat der Këscht, wou de Glasfaser ëmgesat gëtt. Dat sinn elektresch Këschten, dacks waren déi futti.“

Kënnt et zu gréissere Problemer ewéi bei den Iwwerschwemmungen, trëtt en Noutfallplang an. Dirigéiert gëtt dat Ganzt vun der Cloche d'Or. Stroum-Générateuren a mobil Antenne sti prett fir hiren Asaz.

Mir kréien Alarmen, wa mer Waasser an d'Kellere kréien. Dat kënnt an eisem Zenter eraus an da schécke mer eis Leit, déi 24/7 am Asaz sinn, eraus, fir dono ze kucken.“

D'Post këmmert sech och ëm de Renita-Reseau, un deem d'Police an de CGDIS zanter 2015 hänken. Hei ass all Antenn duebel ugeschloss, fir datt et zu kenge Problemer am Reseau ka kommen.

Back to Top
CIM LOGO