Wéi soll de Beruff vum Enseignant erëm méi attraktiv ginn? Wéi soll d’initial Ausbildung vum Schoulmeeschter ausgesinn? A wéi gesäit et aus a punkto Alphabetiséierung op Franséisch? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, déi de Syndikat vun den Enseignanten aus dem Fondamental, den SNE, de politesche Parteien am Kader vun de Nationalwale gestallt huet.
Dobäi gouf sech op déi véier grouss Parteie konzentréiert. Wat d’Ausbildung ugeet, féiert dem SNE no kee Wee laanscht e Masterstudium. D’LSAP an d’CSV positionéiere sech net wierklech dozou. De Patrick Remackel vum SNE erkläert, datt d’DP fir en anere Modell plädéiert an déi Gréng budgetär Bedenken hunn.
En anere Sujet wier eng sougenannten Taskforce fir d’Prise en Charge vu Kanner, déi Schwieregkeeten hunn. De President vum SNE: “Mir brauchen an all Schoul eng Preventiouns- a Interventiounsstruktur bestoend aus Spezialisten, zum Beispill Educateuren, Assistant socialen an Infirmièren, fir just déi ze nennen.”
Op deem Punkt schéngt et bei de véier grousse Parteie Konsens ze ginn: “Et ass also kloer: no de Wale steet esou enger Taskforce näischt am Wee, egal wéi eng Partei den Educatiounsministère wäert stellen.”
Wat d’Alphabetiséierung op Franséisch ugeet, soen déi véier Parteien, datt de Pilotprojet evaluéiert muss ginn, ier een iwwert eng generaliséiert Aféierung schwätze kann. De Patrick Remackel: “Den SNE bleift bei senger Positioun, sech dësem Projet net ze verschléissen, mécht awer drop opmierksam, datt et nach ëmmer eng ganz Partie oppe Froe ginn. Et muss garantéiert sinn, datt et bei esou engem wichtege Sujet näischt iwwert de Knéi gebrach gëtt.”
Den SNE géif mat dësem Dokument keng Walrecommandatioune rausginn a politesch neutral bleiwen. Dem Patrick Remackel no kéint ee mat jidderengem argumentéieren, debattéieren a virun allem konstruktiv zesummeschaffen.