Europäesch Integratioun, USA an EU-ArméiWéi stinn d'Lëtzebuerger Parteien zu der europäescher Unioun?

David Winter
D'EU ass fir vill Leit ee vun de wichtegste Pilieren fir d'Lëtzebuerger Aussepolitik, fir anerer gräift se ze staark op nationalem Niveau an.
© KEVIN REITZ Hans LucasHans Lucas via AFP

An Zäite vu Krich an der Ukrain ass virun allem d’Sécherheet an der EU, an a wéi wäit d’EU senge Bierger Sécherheet bidde kann, nees e grousst Theema, falls et iwwerhaapt an all de Joren jee u Wichtegkeet verluer huet.

Am Virfeld vun de Chamberwale wollte mir dowéinst vun de Lëtzebuerger Parteie méi iwwert hir Positioun zu der Politik vun der europäescher Unioun gewuer ginn. Soll den Integratiounsprozess weider verdéift ginn, wéi soll sech d’EU géigeniwwer dem Alliéierten USA verhalen a brauche mer eng gemeinsam Arméi an der EU?

Soll déi europäesch Integratioun weider verdéift ginn oder brauch et eventuell manner Europa?

D’Majoritéit vun de Parteien zu Lëtzebuerg ass fir eng staark europäesch Unioun, déi wichteg fir de Grand-Duché ass. Dofir sinn och déi meescht Parteie fir e weidert Engagement an der EU a souguer fir eng Verdéiwung vum Integratiounsprozess.

Fir d’LSAP si Punkte wéi eng international Wirtschaft, e staarke Bannemaart, de Schengen-Raum oder eng gemeinsam Wärung essentiel fir e Land wéi Lëtzebuerg. Manner Europa kënnt och fir déi Gréng net a Fro, virun allem, wann een Erausfuerderungen wéi Klima an Ëmweltschutz wëll zesumme meeschteren. Genee sou gesinn dat och d’DP oder d’CSV. D’CSV ass konkret fir e “bessert” Europa, dat “no banne solidaresch an no bausse gëeent” ass. D’Pirate sinn och fir eng Verdéiwung vun der europäescher Integratioun a schléit beispillsweis e gemeinsame Stock u Medikamenter an Outilen tëscht de Memberlänner vir.

Bei déi Lénk ass een och fir méi Integratioun, ma dat awer éischter op Punkte wéi sozial Gerechtegkeet, den Erhalt vun natierleche Grondlagen a Fridden an Europa a manner bei de Sujeten Ekonomie a Finanzen. Fir d’KPL hätt d’EU kee Recht als “Europa” z’agéieren a géif virun allem grousse Konzerner a Banken e Virdeel verschafen, awer net senge Bierger. Weder géif een d’Wirtschaftspolitik vun der EU begréissen, nach gesäit d’KPL d’EU als eng Friddensunioun un.

Liberté-Fräiheet ass zwar fir e fräie Verkéier vu Mënsche, Kapital a Wueren an der EU, ma géint en “zentralen europäesche Staat” wéi e géif ugestrieft ginn, dee sech ze vill géif an déi national Legislatioun amëschen. Änlech gesäit dat och d’ADR, déi fir en Europa vun den Natiounen ass a géint e federaalt Europa. Verdéiwung: JO, awer nëmmen op intergouvernementalem Niveau. Fir Fokus huet d’EU a sech genuch Kompetenzen, déi optimal misste genotzt ginn. Wann een unanime net géif viru kommen, misst et qualifizéiert Majoritéite ginn. Déi Konservativ si fir manner Europa, dofir fir méi Lëtzebuerg, also en Europa vu souveränen an onofhängegen Nationalstaaten, wou den Dialog tëscht de Länner soll garantéiert sinn.

Muss d’EU an aussepolitesche Froen – och géigeniwwer den USA – méi autonom optrieden?

Fir d’LSAP ass et wichteg, fir mat Washington op engem gemeinsame Nenner ze sinn, ouni awer eege Positiounen a Valeuren an der EU a Fro ze stellen. Eegen Autonomie wier wichteg, d’USA als Alliéierten allerdéngs och.
Déi Gréng si kloer fir eng méi grouss aussepolitesch a sécherheetspolitesch Autonomie vun der EU, déi mat enger gemeinsamer Stëmm schwätzt an als seriöen Acteur wouer geholl gëtt.

Änlech gesäit dat d’DP, déi ënnersträicht, wéi de Krich an der Ukrain engem veranschaulecht, wéi ofhängeg d’EU vum Alliéierten USA ass. Déi Lénk sinn och kloer fir méi Autonomie géigeniwwer den USA. Fir d’CSV ass et och kloer, méi gëeent als EU opzetrieden, vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet bei aussepolitesche Froen misst een awer fortkommen. D’Allianz mat den USA, déi kee “geopolitesch Rival” sinn, ass fir d’CSV vun zentraler Wichtegkeet, och wa méi Autonomie a Souveränitéit gefuerdert gëtt. D’Pirate sti fir méi Onofhängegkeet, woubäi een awer de Partnerlänner de Réck stäipe sollt.

Volt gesäit d’Autonomie vun der EU als immens wichteg un, fuerdert dohier eng koordinéiert gemeinsam Aussepolitik vun den EU-Memberlänner. D’ADR gesäit et dann och sou, dass d’Interesse vun den EU-Länner besser missten identifizéiert an och méi vertruede ginn.

D’KPL ass grondsätzlech géint eng Aussepolitik vun der EU, en plus géif dat fir d’Partei eng méi grouss Autonomie kee Sënn maachen, well ee souwisou als EU mat der US-Féierung op enger Linn géif leien. Fir Liberté-Fräiheet misst all Land nees méi souverän a senger Baussepolitik sinn, et wënscht ee sech Neutralitéit nom Schwäizer Modell. Deene Konservativen no misst Lëtzebuerg, mä och Europa am Generellen, sech vum “Lead vun den USA” léisen. Fokus gëtt ze bedenken, dass d’EU sech an enger Wäerte-Allianz befënnt, an hei ass natierlech och d’USA e Partner, dee wichteg ass, ma ass awer fir eng europäesch souverän Stellung an der Welt, déi nëmmen da ka geschéien, wann d’Kompetenze vun der EU richteg genotzt ginn.

Brauch et eng gemeinsam europäesch Arméi?

D’LSAP ass net fir eng gemeinsam europäesch Arméi, ma fir Arméie vu Memberstaaten, déi openee agespillt sinn a matenee schaffen. D’NATO misst hei eng nach méi wichteg an ënnerstëtzend Roll spillen. Och d’ADR ass géint eng europäesch Arméi a plädéiert fir e bessert Zesummespill tëscht den nationalen Arméien. Eng staark Lëtzebuerger Arméi wier wichteg fir d’Land, et wier een och kloer géint de geplangte belsch-lëtzebuergesche Batailloun.

Déi Gréng plädéiere fir eng besser europäesch Zesummenaarbecht, och an der Sécherheets- a Verdeedegungspolitik a fuerdert den Asaz vun EU-Asaz-Truppen, fir méi autonom vun den USA kënnen ze agéieren. D’DP ass oppe fir d’Iddi vun enger EU-Arméi, ma betount och d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht vun den Arméien an den eenzele Länner. Déi Lénk stinn zwar fir e kollektive Projet, wann et ëm d’Sécherheet vun Europa geet, ma dëst soll sech awer ausschliisslech op eng defensiv Politik limitéieren. D’CSV ass fir eng méi intensiv Kollaboratioun vun den europäeschen Arméien, heiraus misst sech dann och eng europäesch Arméi erginn. Méi “Hard Power” an enger Welt, déi ëmmer méi geféierlech gëtt - sou d’Konklusioun vun der CSV. D’Pirate si fir eng EU-Arméi a generell fir méi Kooperatioun an allen Domaine vun der Defense, Nuklearwaffen sollen awer heivunner ausgeschloss ginn. D’Arméi selwer sollt dann aus engem gemeinsame Fong finanzéiert ginn.

Eng europäesch Arméi kënnt fir Liberté-Fräiheet an d’KPL op kee Fall a Fro. Och déi Konservativ schléissen eng EU-Arméi aus. D’Arméi zu Lëtzebuerg hätt kloer Prioritéit. Volt ass dogéint fir eng EU-Arméi an eng europäesch Verdeedegungspolitik, fir dass d’Länner an der EU am Eeschtfall koordinéiert agéiere kënnen. Och fir Fokus soll et eng europäesch Arméi ginn, ma bis dohinner, setzt ee bei der Partei op Solidaritéit an der Unioun wann et ëm d’Verdeedegung geet.

Wéi eng vun dëse Länner sollten der EU deemnächst bäitrieden, falls iwwerhaapt?

(Folgend Länner hu jo den Ament de Status vum EU-Bäitrëttskandidat: Albanien, Bosnien-Herzegowina, Moldawien, Montenegro, Nordmazedonien, Serbien, Tierkei an d’Ukrain.)

D’LSAP, wéi och quasi all aner Parteien zu Lëtzebuerg, vertrieden d’Usiicht, dass all Land, dat bäitriede wëll, d’Kopenhagener Krittären erfëlle misst, also Punkte wéi eng institutionell Stabilitéit oder eng Maartwirtschaft, déi funktionéiert. D’DP begréisst dann och d’Iddi vun engem Bäitrëtt an Etappen, dat am Kader vum méigleche Bäitrëtt vun der Ukrain.

Déi Gréng ënnersträichen dann nach, dass de Status vum Bäitrëttskandidat fir d’Ukrain e wichtegt Zeeche fir d’Land wier. Soulaang et streng an transparent Richtlinne géife ginn fir e Bäitrëtt, géif et fir Volt an dëser Fro keen individuellt Virrecht ginn. Bei alle Länner, déi op der Lëscht stinn, géifen d’Pirate gréng Luucht ginn, sollten d’Krittären dann erfëllt ginn. Bei der Tierkei gesäit een dëst awer mëttelfristeg als onwarscheinlech.

D’CSV an d’ADR gesinn d’Tierkei net als Bäitrëttskandidat, dat well hei Zweiwel um Erfëlle vun de Krittäre bestinn. D’ADR wéilt bei der Ukrain léiwer nach ofwaarden, fir ze kucken wéi an Zukunft de Statut vun der Ukrain wäert ausgesinn, ma et ass een awer positiv agestallt, wat beispillsweis eng ekonomesch Integratioun an Zukunft betrëfft.

Fokus betount, dass d’Blockade vun der EU-Erweiderung “an de Féiss stinn” an ass fir eng Erweiderung vum ganze Westbalkan, déi sou och fir Fridden an der Regioun suerge kéint. Och d’Tierkei soll eng Perspektiv fir e Bäitrëtt kréien. D’KPL ass géint all Form vun EU-Erweiderung, Liberté-Fräiheet steet der Erweiderung extrem skeptesch géigeniwwer. Och déi Konservativ si géint eng Erweiderung, virun allem a Richtung Osten. Eng kloer Ofso gëtt et fir d’Tierkei.

Back to Top
CIM LOGO