Op där Statioun gëtt keen Ofstréch méi am Hals oder an der Nues gemaach, mä et gëtt am Spaut nom Virus gesicht. Jiddereen, deen um Houwald e PCR-Test maache léisst, kritt dofir en Tüb, deen et dann ze fëlle gëllt. Op d'mannst 2 Milliliter Spaut sinn néideg, fir datt den Test fonctionéiert. D'Mataarbechter aus dem Testzenter kontrolléieren dat natierlech.
Dës nei Méiglechkeet, fir en PCR-Test ze maachen, ass e Pilotprojet.
"Mir probéiere schonn déi ganz Kris iwwer ze kucken, wéi eng nei Technologien et ginn, wéi eng nei Tester et ginn, ob se vläicht besser sinn, méi séier fonctionéieren, méi bëlleg sinn oder méi e grousse Confort bereeden an dofir hu mer déi nei Tester schonn intern getest a mir sinn zur Conclusioun komm, datt mer déi effektiv kënnen ausrullen, well mer och gesinn hunn, datt verschidde Leit den Ofstréch an der Nues oder am Hals onangeneem fonnt hunn. Mir hu geduecht, mat esou enger Alternativ kréiche mer vläicht Leit, déi bis elo nach net an den LST komm sinn", erkläert de Virolog Dr. Thomas Dentzer aus der Direktioun vun der Santé.
Bis elo ginn d'Spauttester exklusiv um Houwald gemaach. D'Santé wëll elo emol kucken, wéi se bei de Leit ukommen. Wann et gutt leeft, soll de Projet ausgebaut ginn.
"Virun allem ass et och en vue vun deem nächste Schrëtt. Mir hoffen, dass mer aus där Kris hei kënnen erauskommen, en Exit vun deem villen Testen, Testen, Testen hunn an et ass och d'Iwwerleeung, datt mer vläicht esou Tester kéinte bäibehalen ouni riseg Statiounen ze hunn, mä et kéint ee vläicht dann esou Tester an d'Schoule ginn oder an e Betrib ginn, ouni datt ee grouss Prelevementszentere muss opriichten."
Wichteg bei de Spauttester ass, datt een eng hallef Stonn virdrun näischt méi drénkt oder ësst, d'Zänn net wäscht oder de Mond spullt an och op e Knätsch oder eng Zigarett muss een 30 Minutte virum Test verzichten. D'Resultat vum Test wëllen ze beaflossen, andeems ee sech net dodrun hält, mécht kee Sënn.
"An Tëschenzäit wësse mer, wéi wichteg et ass ze testen an et ass och net, datt et ëmmer falsch gëtt. Ech kann elo net soen, ech fëmmen eng an dann ass den Test positiv oder negativ. Dat ass net de Fall. Mir hu just heiansdo vläicht Problemer, de Spaut am Labo ze traitéieren oder eben d'Resultat eraus ze kréien."
D'Resultat kritt ee geschéckt, esou bal et virläit, genee wéi bei deenen aneren Tester och.
