Dat weist eng rezent Etüd vum däitsche Paul-Ehrlich-Institut. An och nach net ganz kloer ass, wéi gutt se Omikron erkennen.
Anhui Deepblue a Guangzhou Wondfu, zwou geleefeg Zorte Schnelltester, déi een zu Lëtzebuerg ze kafe kritt, allebéid erfëlle se d’Sensitivitéitskrittäre vum Paul-Ehrlich-Institut. An erkennen eng héich Viruslaascht an op d’mannst 3 vu 4 Fäll. D’Institut notéiert awer Ënnerscheeder: Deepblue detektéiert Persoune mat héijer Infektiositéit an 100% vun de Fäll, Wondfo just bei 88%. Bei mëttlerer Viruslaascht weist Deepblue nach 39% un, Wondfu guer net méi. Fazit: de Risk besteet also, datt vereenzelt ustiechend Leit net detektéiert ginn.
“Ech géing soen, datt dat an der jëtzeger Situatioun, wou d’Zuele rasant eropginn, warscheinlech manner wichteg ass. Wann ech dat soen, mengen ech och, dass den Omikron an der Tendenz manner virulent Krankheet mécht.”, esou de Professer Claude P. Müller, Virolog beim Luxembourg Institute of Health.
D’Paul-Ehrlich-Institut huet awer och eng negativ Lëscht erausginn, mat méi wéi 40 Tester, déi net ze recommandéiere sinn. Kee vun dëse Selbsttester ass op der Lëscht vu Selbsttester ze fannen, déi d’Santé recommandéiert. Dës Lëscht ass allerdéngs och vum 15. Juni 2021. Eng sëllechen Tester sinn och net op der positiver Lëscht vum PEI.
Schnelltester an Omikron
Wéi gutt schloen d’Selbsttester bei der neier Virusvariant un? Do missten nach gréisser Etüde gemaach ginn, seet de Virolog, deen awer éischter zouverisiichtlech ass. Dat well déi Haaptmutatioune beim Omikron um Spike Protein geschitt sinn.
Bei de Schnelltester géif awer den Nucleo-Protein benotzt ginn, fir de Virus ze detektéieren. Deen hätt bei der Omikron-Variant just 2 Mutatiounen erlieft. Deemno dierft et keen all ze groussen Ënnerscheed an der Sensitivitéit vun de Schnelltester ginn.
Egal wéi, wann ee Covid-19-Symptomer hätt, de Schnelltest awer negativ wier, sollt ee sech isoléieren an den Dag drop nach ee maachen, réit de Prof. Müller. Hie recommandéiert och den Apdikten, d’Lëscht vum Paul-Ehrlich-Institut ze consultéieren an ze iwwerpréiwen, ob d’Schnelltester, déi si ubidden, drop sinn.
Aus dem Virolog senger Siicht sinn d’Schnelltester nach ëmmer e gutt Hëllefsmëttel, fir d’Pandemie am Iwwerbléck ze behalen an d’Inzidenzen ze reduzéieren.
Weider Schnelltester un d’Stéit verdeelen?
D’Regierung hat rezent 13 Millioune Schnelltester bestallt. Dat bei ënnerschiddleche Fournisseuren. Si géifen d’Sensitivitéitskrittären erfëllen, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview. Bis ewell wier awer net virgesinn, Selbsttester un d’Stéit ze verdeelen. Vun elo u kann ee sech jo mat engem negative Schnelltest de 5. a 6. Dag aus der Isolatioun eraustesten.
Enger rezenter brittescher Etüd no hätt d’Verkierze vun der Isolatiounzäit vun 10 Deeg op 7 mat 2 Schnelltester keen negativen Impakt op d’Infektiounsgeschéien.