
An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember waren 1.440 Persoune positiv getest ginn, dovun 980 net déi éischte Kéier. Déi Woch virdru waren et nach 1.214 Fäll an 784 Reinfektiounen.
Bannent der leschter Woch waren och zwee Doudesfäll a Relatioun mam Covid-19 ze bekloen. D’Altersmoyenne vu Covid-Doudegen läit bei 93 Joer.
26 Persoune koumen d’lescht Woch wéinst hirer Covid-Infektioun an d’Spidol, géint 22 d’Woch virdrun an d’lescht Woch waren 3 Patienten intensivmedezinesch traitéiert ginn.
An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember goufen 1.350 Dosisse vum Corona-Vaccin gesprëtzt. 6 Persoune kruten eng éischt Dosis. Zu Lëtzebuerg hu ronn 475.000 Persounen e kompletten Impf-Schema. Dat si 79 Prozent vun der Populatioun, déi ka geimpft ginn.
Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg an der Stad ass temporär vum 24. Dezember bis den 2. Januar d’nächst Joer zou.
Dofir geet den 23. Dezember e Pop-Up Impfzenter um Belval op der éischter Etage vum Akafszenter op. Dee wäert all Freiden vun 10 Auer moies bis 4 Auer owes op sinn, ausser den 30. Dezember.