Nom Brand zu RëmelengWéini dierfen d'Residenten nees zeréck an hiert Doheem?

Tim Morizet
En Donneschdeg den Owend koum et virun 18 Auer zu Rëmeleng zu engem Brand mat gréisser Envergure.
Suivi Brand Remëleng
En Donneschdeg den Owend koum et virun 18 Auer zu Rëmeleng zu engem Brand mat gréisser Envergure.

Eng 100 Pompjeeë waren am Asaz. Keng Persoun koum dobäi zu Schued. D'Enquête vun der Brandursaach leeft. E Méindeg soll gekuckt ginn, ob a wien nees zeréck an d'Residenz dierf.

Den ieweschte Stack vun engem Appartementshaus zu Rëmeleng stoung a Flamen. Stonnelaang gouf den Zentrum vun der Uertschaft am Minett komplett gespaart.

Henri Haine, Rëmelenger Buergermeeschter: „Et war um 17.50 Auer, wou ech d'Informatioun krut, datt hei an der Géigend e Brand wär tëscht der Rue Bausch a Groussstrooss. Wéi ech erofkoum, waren d'Pompjeesween an d'Police och scho sur Place. Et huet een uewen um 6. Stack vun der Residence hannenaus eng Feier-Dampentwécklung gesinn."

Alles goung ganz séier, seet och de Luis Miguel, en Awunner, deen eréischt rezent mat sengem 4 Joer ale Meedchen an d'Appartementshaus ageplënnert ass.

Luis Miguel Araujo Ramos, betraffene Resident: „Ech si géint 17.45 Auer Heem komm a war séier an d'Dusch, well ech grad vum Schaffe koum. Bemol huet et un der Dier geschellt, et war eng Nopesch vum Stack, déi mech alarméiert huet, datt e Feier uewendriwwer ausgebrach ass a mer séier alleguer missten eraus."

Gutt 6 Stonnen, bis 1 Auer moies waren d'Hëllefsdéngschter amgaangen, d'Feier ënner Kontroll ze kréien. Wéinst der Lag vum Appartement, wou de Brand ausgebrach war, war et ugangs och d'Angscht, datt d'Flame sech op d'Gebai niewendru kéinten ausbreeden.

Wéini dierfen d'Awunner nees heem?

D'Ursaach vum Brand ass nach net gewosst. D'Enquête leeft. Et geet een éischten Aschätzungen awer dovun aus, datt d'Feier sech op engem Balcon entwéckelt huet. Wéini en Deel vun den Awunner nees zeréck dierfen, decidéiert sech aller Warscheinlechkeet e Méindeg.

Henri Haine:„Et ass esou, datt d'Police e Freideg scho mat verschiddene Leit an d'Appartementshaus goung, fir puer Saache kënne sichen ze goen. Et dierf awer den Ament guer keen an iergendeen Appartement, fir ze wunnen. Weder op den ënneschte Stäck, nach no uewen. E Méindeg de Mëtteg kommen Experten, fir mat de Leit eng Analys vun der Situatioun an hiren Appartementer ze maachen."

De Waasserschued an der Residence wier immens grouss an déi iewescht dräi Stäck an den nächste Wochen och kaum bewunnbar. Ewéi och de Luis Miguel sinn den Ament eng 43 Awunner aus 23 Stéit zu Rëmeleng oder Esch noutlogéiert. Längerfristeg kéint et awer méi komplizéiert ginn.

Henri Haine: „Mir hunn zu Rëmeleng glécklecherweis vill Sozialwunnengen. Dovu wieren der och den Ament 2 kuerzfristeg fräi. Mir versichen awer och ronderëm ze telefonéieren, fir fräi Appartementer ze fannen, och vu privater Säit."

Et wier ee vun der Gemeng aus dankbar, datt de CGDIS an d'Police esou séier reagéiert hätten, fir datt de Schued nach a Limitte gehale gouf.

[comments

RTL-News: Brand zu Rëmeleng: Iwwer 100 Pompjeeë waren am Asaz, 43 Awunner goufe relogéiert

Back to Top
CIM LOGO