
2 Männer konnte vun de Beamten an der Avenue de la Liberté an an der Rue André Duscher ermëttelt ginn. Wärend der Flucht huet eng Persoun versicht, eng Partie Bulle Kokain lass ze ginn. Dës goufe vun der Police séchergestallt a saiséiert.
Wéi sech erausgestallt huet, hätte sech béid Männer illegal am Land opgehalen an e Bedeelegten hätt schonn ugangs des Joers en Areesverbuet fir Lëtzebuerg kritt.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl an hunn e Méindeg Rendezvous beim Untersuchungsriichter.
Am Kader vun der Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit gouf en Dënschdeg, den 28. Januar 2020, tëscht 12 a 17 Auer eng gréisser Kontroll op der Gare zu Rodange duerchgefouert. 40 Polizisten an Douanieren aus verschiddenen Departementer, wéi och Beamten aus dem Ausseministère waren am Asaz.
2 Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Bei enger Persoun goufen 12 Bulle Kokain no enger Scanner-Untersuchung saiséiert. 2 Weiderer goufe wéinst Drogebesëtz protokolléiert. Am Ganze goufe 50g Heroin, 54g Kokain, 12 Bulle Kokain (Scanner), eng geréng Quantitéit u Marihuana, ronn 3.500 Euro Boergeld an 3 Handyen saiséiert.
Zwou weider Festnamen ordonéiert hat de Parquet fir 2 Persounen, déi trotz Areesverbuet am Grand-Duché waren.