
De François Bausch an de Romain Schneider äntweren en Donneschdeg de Moien, d'Luxair hätt hir kommerziell Autonomie, och wann de Staat Aktionär ass. D'Decisioune léichen deemno bei der Luxair-Direktioun, déi d'Marchéë mat de Fournisseuren ofschléisst.
A wéinst der schlechter wirtschaftlecher Situatioun vun der Fluchgesellschaft hätte verschidde Kontrakter missen nei verhandelt ginn. De Luxair-Generaldirekter Gilles Feith hat dee Moment, wéi d'Decisioun public gouf, datt kee Lëtzebuerger Cremant méi op hire Vollen zerwéiert gëtt, hei op der Antenn gesot, der Luxair géing et ganz schlecht goen.
Natierlech hätt och de Wäibausecteur d'lescht Joer ënnert der Coronakris gelidden. Dofir géif d'Regierung sech och fir d'Promotioun vun hire Produiten asetzen, ënnert anerem duerch e Paquet de relance vun 350.000 Euro fir dee Secteur. Dat äntweren d'Ministere Bausch a Schneider den Deputéierten Octavie Modert, Françoise Hetto-Gaasch a Léon Gloden, wéi och dem Carole Hartmann a Gilles Baum.