
Et geet drëm ze weisen, wéi dacks Ziviliste vu Minnen a Bomme getraff ginn. Déi 20st Editioun fält an eng Zäit, wou a Syrien, Libyen oder am Jemen Bombardementer 90 Prozent vun den zivillen Affer ausmaachen. Den Ament gëtt och un enger internationaler politescher Deklaratioun geschafft, fir Bommen op bewunnte Géigenden ze verbidden, erkläert de Martin Lagneau vun Handicap International.