Federatioun vun de JuegdsyndikaterWëldbestand sou héich wéi nach ni - wéinst Klimawandel a grousse Juegdlousen

Monique Kater
D'Nei-Andeelung vun de Juegdlouse funktionéiert der Federatioun vun de Juegdsyndikater no um Terrain besser, ewéi ugangs gefaart.

An awer gëtt et Kritik u Juegdhären, déi zeg Louse gesteet an elo ënnert hirer Responsabilitéit hunn.

Op hirer Generalversammlung dës Woch huet d’Federatioun vun de Juegdsyndikater e mitigéierte Bilan presentéiert. Engersäits wier d’Zesummenaarbecht mat der Politik ganz gutt, mee op där anerer Säit wier de Wëldbestand den Ament esou héich wéi nach ni.

Sidd dir Proprietäre vun engem Stéck Bësch? Dat sinn der eng jett vun eis, well et am Grand-Duché ëmmerhi bal 90.000 Hektar Bësch gëtt, an dovunner d’Hallschent Privatleit gehéiert. Gemengerhand ginn op deene Lännereien Juegten organiséiert, déi de Wëldbestand sollen am Equiliber halen - de Proprietär kritt dofir Juegd-Geld ausbezuelt. Der Federatioun vun de Juegdsyndikater no ginn et, wat dës Entschiedegung ugeet, grad ewéi a Saache Wëldschied, eng Rei Problemer – d’Kriticken no hirer Generalversammlung resuméiert d’Monique Kater.

Also hei uewen zu Feelen setzt ee keng nei Beem méi, ouni e Gatter ronderëm! Virun allem déi kleng Eeche wieren direkt mat fort, wa Wëld passéiert, an dat wier es vill, de President nennt d’Héicht vum Wëldbestand “du jamais vu”! An och de Klimawandel als Schëlleg. Mee de Faktor Mënsch spillt hei eng zweete Kéier eng Roll an zwar a Saache Juegd.

Déi allertmeescht (Jeeër) man hir Aarbecht ganz korrekt, mee verschiddener menge se missten e Bestand hunn, deen hinne gefält. Déi wëllen e ganz héije Bestand hunn fir den Hierscht hir Invitéen op der Klappjuegd. Däer gëtt et leider nach – Jo”, sou den Nic Etgen, President vun der Federatioun vun de Juegdsyndikater.

Dofir och d’Demande un déi nei Ëmweltministesch, mat ze hëllefen, de Wëldbestand op e korrekte Niveau ze bréngen, an d’Gesellschaft a Saache Juegd ze sensibiliséieren.

“Wann d’Politik d’Leit bei der Meenung léist, dass et gutt wier géint d’Juegd ze sinn, dann ass dat eng nidderträchteg Politik, déi just op eng gewësse Wielerschaft aus ass”, fënnt de President vun der Federatioun. Sachlech Decisiounen huelen, déi net vun Ideologië gesteiert wieren, dat wier dat bescht. An der Populatioun erklären dass d’Juegd noutwendeg wier, an dass et nieft de Schied op Felder och déi an de Bëscher géif.

De Gast Welbes confirméiert, dass d’Nei-Opdeelung vun de Juegdlousen an der Praxis besser ze liewe wier, wéi gefaart. Och him gefalen déi extrem grouss Juegten net. Mee de Kanecher mécht op en anere Problem opmierksam – dee vum Juegdgeld am neie System.

“D’Gemengen hu näischt méi domat ze dinn, do kritt een och keng Informatioune méi, well d’Louse komplett nei opgedeelt gi sinn. Wann engem seng Proprietéit zum Beispill op 3 Louse läit, sinn 3 verschidde Sekretären zoustänneg. All Proprietär muss iwwer Myguichet eng Kontosnummer hannerleeën, déi d’Naturverwaltung dann un déi respektiv Sekretäre weider leet”, sou de Gast Welbes.

Ouni dat, keng Mënz! Sou einfach ass et, an esou komplizéiert ass d’Gerance vun 620 Juegdlousen.

Back to Top
CIM LOGO