Eng grouss StëtzWeltdag vum Diabetes ganz am Zeeche vun den Infirmieren

Lynn Cruchten
Claudia Kollwelter
Zënter 1991 gëllt de 14. November als Welt-Diabetes-Dag. All Joer steet dësen ënnert engem anere Motto.
Weltdag vum Diabetis
Zënter 1991 gëllt de 14. November als Welt-Diabetis-Dag. All Joer steet dësen ënnert engem anere Motto.

Déi Kéier ass et dat um Gebitt spezialiséiert Fleegepersonal, dat am Fokus steet. Zu Lëtzebuerg ginn et an alle Spideeler speziell ausgebilten Infirmièren, déi sech ëm Diabetespatiente këmmeren. Eng RTL-Ekipp war an der Clinique du diabète um Kierchbierg a konnt do de "Sugarbabes", wéi se intern genannt ginn, bei hirer Aarbecht iwwert d’Schëller kucken.

Dag vum Diabetes / Rep. Claudia Kollwelter

Déi op Diabetes spezialiséiert Infirmièrë sti Patiente vum éischten Diagnostik u fir Froen a Behandlungen zur Verfügung. Si klären d’Leit iwwert d’Zockerkrankheet op, schaffen zesumme mat Diétiticiennen an Dokteren Traitementer fir Patienten aus a këmmere sech och ëm de reegelméissege Suivi.

Präventioun wier den A an O am Kampf géint Diabetes. Besonnesch den Diabetes vum Typ 2, deen 90% vun de Fäll géif ausmaachen, géif enk mam Liewensstil vun de Leit zesummenhänken. Eng gesond Ernärung a Beweegung géif bei ville Patiente schonn hëllefen, den Zocker an de Grëff ze kréien, huet d’Infirmière Carole Oster vun den Hôpitaux Robert Schuman erkläert.

Persounen, déi Diabetes vum Typ 1 hätten, wieren allerdéngs liewenslänglech drop ugewisen, sech Insulin ze sprëtzen, woubäi et antëscht och Insulinpompele ginn, déi den Niveau quasi automatesch regléieren.

Dr. Roger Wirion: "Déi gréissten Erausfuerderung fir en Dokter an der Behandlung vum Typ-1-Diabetes ass et, trotz ganz laanger Dauer Komplikatiounen ze vermeiden, well et geléngt trotz Educatioun an technologescher Hëllef och haut nach ëmmer net, de Bluttzocker ze normaliséieren."

Den Henri Schroeder ass elo scho ronn 20 Joer Typ-1-Diabetiker. Wat de medezineschen Encadrement ugeet, huet et him dacks um Verständnis vum Mënsch hannert der Krankheet gefeelt: "Zu engem gudden Traitement vum Zocker gehéiert nämlech net just testen, Kuelenhydrater rechnen a sprëtzen, mä och aner Facteurë wéi zum Beispill de Stress."

Et ass eng Krankheet, déi ee permanent beschäftegt: "Wann ee seng Fräizäit och esou normal wéi méiglech gestalte wëll, ass et net ëmmer einfach, den Zocker perfekt ze managen, well een op der enger Säit op näischt verzichte muss, op der anerer Säit den Zocker permanent am A behale muss."

Et sinn also eng ganz Partie Efforten néideg, fir datt den Zocker gutt agestallt ass – an do spillen d'Infirmieren an der Diabetologie eng zentral Roll, betount den Dokter Wirion.

"Se lauschtert de Patienten no, erkennt d'Problemer, hëlleft bei psychescher Belaaschtung, gëtt Saache gewuer, déi de Patient dem Dokter net wëll erzielen, an ass doduerch e wichtege Lien tëscht dem Patient am Dokter."

Allgemeng si Leit mat engem schlecht agestallten Zocker méi ufälleg fir Infektiounen oder e méi schwéiere Verlaf dovun. Am Kontext vum Coronavirus ass et awer net just déi manner gutt Ofwier, duerch déi en Diabetiker als Vulnerabel gesi gëtt.

"Och den entgleisten Zocker, wéi bei all Infektioun. Sou datt do nach eng zousätzlech Front opgeet, déi d'Behandlung erschwéiert. Virun allem, well mer wëssen, datt de Kortison, deen an der Behandlung mat enger Covid-Infektioun agesat gëtt, nach méi entgleisen deet."

De Larry Bonifas ass zënter 1987 zockerkrank. Hien huet ënnerstrach, wéi wichteg fir hien de Kontakt mat den Diabetes-Infirmièren ass, déi hien zu all Moment kéint kontaktéieren an déi och dacks méi Zäit hätten am Fall vu Froen a Suergen ewéi d’Dokteren. Zu Lëtzebuerg sinn iwwregens méi wéi 25.000 Persounen zockerkrank.

PDF: De Flyer vum Weltdag vum Diabetes

Back to Top
CIM LOGO