
Des weideren ass et d’Fuerderung, dass weder d’Communautéiten nach de Planéit exploitéiert gëtt.
Weltwäit goufen et um Black Friday iwwer 150 Streiker an Aktiounen, ënnert anerem zu Lëtzebuerg wou Amazon säin europäesche Siège huet, eng 4.500 Leit beschäftegt an deen zweetgréissten Employeur ass. Allerdéngs gëtt et hei am Land kee Kollektivvertrag fir d’Salariéeën a genee dat well den OGBL änneren.
Den David Angel vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg:
“Mir wäerte fréier oder spéider bei Amazon erakommen a mir wäerten do déi schaffend Leit organiséieren. A mir wäerten eis ronderëm en Dësch sëtze mat der Direktioun vun Amazon a mir wäerte verhandelen iwwert d’Aarbechtsbedingungen. Mir wäerte kollektiv am Numm vun de schaffende Leit, mat de schaffende Leit bei Amazon, mat hirer Direktioun verhandelen iwwer hir Aarbechtsbedingungen, iwwert hir Léin an iwwer all méiglech aner Punkten.”
Den David Wagner vun déi Lénk kritiséiert, datt Amazon zu Lëtzebuerg, genee wéi zum Beispill an Irland oder Holland, bei der Steierflucht gehollef kréich.
“Wat als Resultat huet, datt Amazon och hei de Profit multiplizéiere kann, a Milliardenhéicht. Ouni Steieren ze bezuelen. Et gëtt warscheinlech hei kleng Entreprisen, déi méi Steiere musse bezuelen. Mir sinn an enger Situatioun, wou Lëtzebuerg bei der Steierflucht a beim Klauen vu Steiergelder hëlleft.”
Op der Maniff an der Stad gouf um Freideg och gefuerdert, datt Amazon méi Efforten an der Klimapolitik misst maachen.
D’Entreprise hätt sech gebretzt hir d’CO2-Emissiounen d’lescht Joer ëm 0,4 Prozent reduzéiert ze hunn. Mat deem Tempo, heescht et vun der Beweegung “Make Amazon Pay”, géif et awer bis an d’Joer 2378 daueren, bis den Internetgigant klimaneutral wier.