Punkt fir PunktWeltwäit, praktesch, séier: ma sinn "Neobanken" och sécher?

Pierre Jans
Déi traditionell Banke kréie Konkurrenz.
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

Et geet ëm eng Finanz-App déi ville Leit sécherlech schonn e Begrëff ass. Si ass eng Revolutioun am Bankwiesen. Dohier wuel och den Numm Revolut. Zu Lëtzebuerg ginn et schonn 100.000 Clienten.

Wat sinn d‘Vir- an Nodeeler vun dëser digitaler Bank-Alternativ? Wéi sécher ass se? Wéi gëtt Revolut kontrolléiert? A wéi reagéieren déi traditionell Banken op déi beléift Konkurrenz?

Weltwäit, praktesch, séier: ma sinn "Neobanken" och sécher?
Déi traditionell Banke kréie Konkurrenz.

Wat ass Revolut?

Revolut gouf schonn 2015 an enger éischter Well vun Neobanken, also reng digitale Banken, zu London gegrënnt. D‘Bank hannert Revolut ass a Litauen. Vun do ass och d‘Banklizenz. D‘Iddi war ganz fréi schonn: et kann een online séier Konten a verschiddene Wärungen opmaachen an tëscht Wärunge wiesselen. De Start huet e Compte Courant mat enger Debit-Kaart iwwer Visa- oder Master gemaach. Haut ass Revolut eng komplett Finanz-App mat enger breeder Offer:

-Compte courant
-Aktien

Beléift bei jonken ass Revolut och well een einfach a

- Krypto investéiere kann.
- Kreditter
- Kaarten

Nëtzlech wann ee Suen an d‘Ausland wëll iwwerweisen oder a Länner mat enger anerer Wärung an d‘Vakanz geet

D‘Critère fir e Kont opmaachen ze kënnen, sinn och relativ niddreg. Et muss ee just d‘App eroflueden. Alles, wat een am Prinzip dann nach brauch, ass eng gëlteg Carte d‘identité. Wann ee gréng Luucht kritt, kann een online Suen op säi Revolut-Kont iwwerweisen. An eng Debit-Kaart bestellen. De Compte Courant ass gratis. Fir aner Funktiounen, zum Beispill Investissementer, muss een eent vun den Abonnementer huelen. An der Ultra-Versioun kascht dat 60 Euro de Mount.

D‘Virdeeler sinn also:

- déi praktesch gratis Direkt-Iwwerweisungen tëscht Revolut-Konten
- gratis SEPA-Iwwerweisungen an Europa, also och an d‘Schwäiz.
- den Echange tëscht 36 Wärungen
- Konten an e puer Wärungen

Dat ass eben praktesch, wann een eng Vakanz plangt, wou et den Euro net gëtt. Da kann ee sech direkt e Kont an der jeeweileger Wärung installéieren. Op der Plaz ass een net méi gehäit mat ëmrechnen.

Et ginn awer och Nodeeler

Als Haaptnodeel vu Revolut gëtt och a Wirtschaftsforen an Zeitungen eng gewëss Intransparenz bei de Käschte genannt. Wat kloer ass: Wann ee mat der Revolut-Kaart um Bankomat ophieft, kascht dat 2 Prozent pro Transaktioun. A wann een an de Wärunge wiesselt bei Iwwerweisungen, huet ee bis 1.000 Euro keng Fraisen, duerno sinn et dann 0,5 Prozent an de Weekend 1 Prozent Käschten. Wie vill an d‘Ausland iwwerweist, zum Beispill an d‘USA muss also mat Fraise rechnen.

Ee weideren Nodeel fir Lëtzebuerger Clienten ka sinn: Revolut huet eng Europäesch Bankelizenz a Litauen. Dat heescht d‘Litauesch Bank gëtt och d‘Garantien. Wann eppes geschitt, muss een am Prinzip a Litauen reklaméieren.

Ass Revolut dann net sécher?

Dat kann een net soen. Eng europäesch Banklizenz ass eng europäesch Banklizenz. Och Revolut huet Verflichtungen. D‘Opsiicht iwwer Revolut hunn d‘litauesch grad ewéi d‘europäesch Zentralbank. Am Abrëll zejoert hat d‘Litauesch Bank eng Amende vun 3,5 Milliounen Euro géint Revolut decidéiert. Dat wéinst engem Manktem un Anti-Blanchiment-Kontrollen. Konkret Fäll vu Geldwäsch iwwer Revolut si bis ewell awer net bekannt.

Tatsächlech hat Revolut viru Joren och eng Banklizenz zu Lëtzebuerg bei der CSSF ugefrot. Déi Demande gouf awer relativ séier 2019 zeréckgezunn. An der Chamber war deemools och driwwer debattéiert ginn, ob Revolut iwwerhaapt mat de Fintech-Reegelen konform wär. Ma d‘Firma hat op eemol souwisou aner Pläng. No Litauen soll elo och a Frankräich eppes entstoen. A Groussbritannien, wou de Sëtz ass, huet Revolut just eng limitéiert Lizenz. Do hunn d‘Autoritéite Suerge wéinst dem Risikomanagement, well Revolut esou séier wiisst.

D‘Neobanke sinn also eng grouss Konkurrenz fir déi traditionell?

Jo. Well dat hei jo keng Pub fir Revolut soll sinn: N26 oder Trade Republic hunn eng änlech digital Offer. Mä Revolut wiisst mat Ofstand am séiersten. An nëmmen 10 Joer huet een iwwer 65 Milliounen Cliente gewonnen. Ëmmerhin och 100.000 zu Lëtzebuerg. 75 Milliarden Euro ass d‘Start-Up antëscht op der Bourse wäert. Mat Ofstand déi wäertvollst europäesch Boîte am Fintech.

An de Matgrënner a CEO, de gebiertege Russ Nik Storonsky, mécht keen Heel draus, dass Revolut traditionell Banken an de Schied wëll stellen. Déi hu sécher Krämpes, fir mat der Offer matzehalen. D‘Lëtzebuerger Bankenassociatioun gesäit awer eng Chance doran. D‘Ananda Kautz vun der ABBL: “Wann d‘Cliente méi verlaangen, mussen d‘Banke méi liwweren. Séier e Kont opmaachen, séier an onkomplizéiert Transaktiounen. Dat hält déi traditionell Banken frësch. Si mussen innovéieren. Et ass eng gesond Konkurrenz.”

Fënnef Banken zu Lëtzebuerg bidden an der Mëtt vun dësem Joer jo och den digitale Portmonni Wero un, e Payconiq fir Europa wann ee sou wëll.

Finanzexperte rode souwisou, vläicht net direkt seng ganz Finanzen iwwer Revolut ze reegelen. Vläicht ass et méi sécher seng Suen traditionell an digital opzedeelen. A fir op Nummer Sécher ze goen, kann ee sech jo och nach eng Reserv Bores ënnert d‘Kappkësse leeën

Back to Top
CIM LOGO