
De Logementsprojet “Nei Schmelz”" soll e wichtegen Anker-Punkt an der regionaler Entwécklung vum Süde ginn an an der Logementskris bezuelbare Wunnraum bidden. De Projet ass zanter Mëtt 2000er am Gespréich, en Donneschdeg de Mëtteg gouf an der Chamber de Budget fir de Projet gestëmmt.
Op enger Surface vu gutt 36 Futtballterraine sollen am Süde vun der Stad Diddeleng Wunnenge fir ronn 3.600 Leit entstoen. D’Areal op deem soll gebaut ginn, ass eng fréier Industriefrichen. Deementspriechend muss de Buedem virun de Bauaarbechten entgëft ginn. De Staat wäert dofir d’Käschten iwwerhuelen. Den neie Quartier soll mat enger ënnerierdescher Wärmepompel a Solarenergie klimaneutral ginn, erkläert d’Semiray Ahmedova vun déi Gréng.
De Logementsminister Henri Kox gesäit am Projet e Virreider géint d’Logementskris: “Mir stëmmen haut eng hallef Milliard fir den ëffentleche Wunnengsbau, dat ass net näischt. An Zukunft musse mir kucken, dass mir mat dem Fonds spécial op déi hallef Milliard pro Joer kommen.”
Ronn d’Hallschent vun de Wunnenge ginn an d’Locatioun, déi aner an de Verkaf. D’Zil: Mixité sociale. Dat Konzept suergt bei der ADR fir Froen. De Fred Keup betount, et wier keng Mixité sociale, well an deem Quartier nëmme Leit géinge wunnen, “déi, soen ech elo emol, manner verdéngen”. Verschidden Diddelenger Bierger géinge sech Suerge maachen, wéi eng Leit an deen neie Quartier wunne kéimen. Déi Ängschte kéint een deelweis novollzéien, sou den Deputéierten.
Soss war ee sech iwwert de Projet eens. Kritik gouf et allerdéngs nach wéinst dem zäitleche Kader.
Schlussendlech goufen déi 2 Gesetzesprojeten iwwert de Finanzement vum Quartier “Nei Schmelz” mat grousser Majoritéit gestëmmt. Käschtepunkt fir de Staat: Am Ganzen eng Hallef Milliard Euro. An der Chamber rechent een 2027 mat den éischte fäerdege Wunnengen.