D'Nimm sti festWie schafft a wéi enger Aarbechtsgrupp?

Roy Grotz
D'CSV huet bal ëmmer méi Membere genannt wéi d'DP, wat sécherlech dann och dem Verdeelen vun de Minister-Ressorte wäert entspriechen.
© RTL Grafik

Datt et eng Dosen Aarbechtsgruppe géife ginn, déi op de Walprogrammer vun CSV an DP géife schaffen, war gewosst. Elo sinn dann och d’Nimm eraus, vun de Leit, déi an dësen themateschen Ekippen dra sinn.

Queesch duerch d’Gruppe gekuckt, ass et d’CSV, déi bal ëmmer méi Membere genannt huet wéi d’DP, wat sécherlech dann och dem Verdeele vun de Minister-Ressorte wäert entspriechen.

Am wichtege Grupp Logement huet z.B. op CSV-Säit den CSJ-President a Walfer Schäffen Alex Donnersbach d’Soen, iwwerdeem d’DP-Delegatioun vun der Députée-Maire Lydie Polfer ugefouert gëtt.

Ugefouert vu Gilles Roth an der Nach-Finanzministesch Yuriko Backes gëtt iwwerdeem de Grupp vu Leit, déi sech an d’Volete Fiskalitéit an ëffentlech Finanzen eraschaffen.

Am Aarbechtsgrupp Santé sëtze mat Cyril Thix, Paul Wirtgen, Emilie Costantini (3xCSV), Philippe Wilmes, Stéphanie Obertin a Gérard Schockmel (3xDP) direkt 6 Medezinner.

Am groussen Aarbechtsgrupp Wirtschaft huet d’Elisabeth Margue op der CSV-Säit d’Soen an 3 Sous-Gruppen, iwwerdeem op DP Sait de ministre-sortant Lex Delles de Lead an allen 4 liberalen Ënnergruppen de lead huet.

De Staatsminister Bettel ass nëmmen an engem eenzegen Aarbechtsgrupp aktiv, nämlech deen, dee mat Europa iwwerschriwwen ass, a wou och iwwer Defense an Kooperatioun geschwat gëtt.

Den CSV-Delegatiouns-Chef Claude Wiseler iwwerdeem ass an dësem Aarbechtsgrupp vertrueden, wéi och am Grupp Accueil a Migratioun.

Ënnert de knapp 100 Leit, déi an den Aarbechtsgruppe sëtzen, si bal keng extern Experten dobäi, mee lauter Fraen a Männer, déi der CSV oder der DP nostinn, oder op regionalem a lokale Plang aktiv sinn.

Et fält awer op, datt op CSV-Säit de Michel Wolter a kengem Aarbechtsgrupp dobäi ass - en Député-Maire, deen als Doyen awer d’Chambersessioun en Dënschdeg opmécht a mat knapp 27.000 Stëmmen deen Drëttgewielten op der CSV-Südlëscht war.

PDF: All d'Aarbechtsgruppe mat de Memberen

Back to Top
CIM LOGO