Biertrenger Schlass"Wie soll dat bezuelen?"

RTL Lëtzebuerg
Vue datt de Staat net um Kaf interesséiert war, froe sech d'Conseillere vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, wou den Nordstadsyndikat déi Sue wëll hierhuelen.

An engem Communiqué froe sech d'Conseillere vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, wie fir d'Schlass bezuele soll, a betounen, datt de Gemengerot weder iwwert eng eventuell Offer fir de Kaf vum Biertrenger Schlass gefrot ginn ass, nach wat d'Héicht vun där Offer ugeet.

Déi 5 Nordstad-Gemengen hu sech jo interesséiert gewisen als potenzielle Keefer. De Schäfferot vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer hätt de Gemengerot allerdéngs just iwwert de Sujet informéiert, a virun e Fait accompli gesat. Vue datt de Staat net um Kaf vun der Proprietéit interesséiert war wéinst ënnert anerem den héije Renovatiounskäschten, froe sech d'Conseilleren, wou den Nordstadsyndikat déi Sue wëll hierhuelen. Et géif kee Plang ginn, wou déi finanziell Rees an den nächste Jore géif higoen, heescht et weider am Communiqué.

PDF: Conseillere vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer

Back to Top
CIM LOGO