Police kontrolléiertWien d'Mesuren net anhält, ka mat enger Geldstrof vu bis zu 10.000€ rechnen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg gouf schonn ugekënnegt, dass d'Reegele méi streng wäerte ginn, wann d'Leit sech net un d'Mesuren halen.

Fir ze kontrolléieren, ob sech wierklech un déi aktuell Mesurë vu Fermeturë vu Restauranten a Caféë gehale gëtt, ass vun e Méindeg un d'Police uechtert d'Land ënnerwee. Vun en Dënschdeg u ginn d'Leit, déi sech net un d'Verbueter halen, verbaliséiert.

Zu de Strofe krute mer vum Staatsministere dëst e Méindeg matgedeelt: Infraktiounen géint d'Reegelen, déi vum Gesondheetsministère bei enger Pandemie decidéiert ginn, kënnen zu enger Amende féiere vu 500 bis 10.000€, mä et riskéiert een och Prisong vun engem Mount bis zwee Joer.

Och hei nach eng Kéier de Rappell: Bleift doheem! Et soll ee sech net a grousse Gruppen treffen, sozial Kontakter reduzéieren an d'Haus just verloossen, wann et muss sinn, dat heescht, fir op d'Aarbecht, an d'Apdikt oder fir akafen ze goen.

RTL-Artikel: Op Grenzkontrolle mam Grand-Duché goufe bis ewell 680 Autoen ëmgedréint

Back to Top
CIM LOGO